An England konnt da Manchester United ee Punkt géint Burnley huelen, datt no zwee Goler spéit am Match.

Ligue 2

An der zweeter franséischer Liga konnt sech den FC Metz mat 3:0 géint Nanzeg duerchsetzen, dat no zwee Goler vum Niane (41' an 81') an engem vum Maiga (74'). De Laurent Jans souz beim Match 90 Minutten op der Bänk.

Premier League

An England goufen dann nach Matcher vum Compte vum 24 Spilldag an der Premier League gespillt. Hei konnt sech Arsenal mat 2:1 géint Cardiff City duerchsetzen, Fulhalm klappt Brighton & Hove Albion mat 4:2, Everton wënnt auswäerts géint Huddersfield Town mat 1:0, Wolverhampton hat doheem d'Nues géint West Ham vir a wënnt 3:0.

RTL

Cardiff City war eng éischte Kéier zanter dem Verschwanne vum Emiliano Sala am Asaz. / © AFP

Burnley hat bal Manchester United iwwerrascht. Den Tabelle 15 war auswäerts mat 2:0 a Féierung gaangen, dat no Goler vum Barnes (51') a Wood (81'). Ma innerhalb vu 5 Minutte konnt United selwer 2 Mol markéieren, dat no Eelefmeter vum Pogba (87') an no engem Gol vum Lindelöf an der Nospillzäit. Déi aner Ekipp aus Manchester hat do net esou vill Gléck. Si hu sech géint Newcastle misste geschloe ginn, dat mat 2:1. Domat huet Liverpool elo d'Chance, fir den Ecart nees op 7 Punkten auszebauen. D'Reds spillen e Mëttwoch doheem géint Leicester City.

Copa del Rey

Kee Gewënner gouf et am Allersmatch tëscht Valencia a Getafe. D'Gäscht waren an der éischter Minutt duerch e Gol vum Molina a Féierung gaangen, ma Valencia konnt no enger Stonn ausgläichen. Da war d'Heemekipp vun der 74. Minutt an Iwwerzuel, no enger giel-rouder Kaart fir de Dakonam, wat si awer laang net ausnotze konnten. An der 92. Minutt eréischt konnte si de Match no engem Gol vum Rodrigo dréinen, deen dann och direkt eng Minutt méi spéit den 3:1 markéiert huet.