Bayern München muss donieft bei Union Berlin untrieden a Bochum kritt Besuch vum Titelverdeedeger Stuttgart.

Dortmund a Leverkusen hate bei der Auslousung vun der Aachtelsfinall am däitschen DFB-Pokal kee Gléck a spillen an der nächster Ronn géinteneen.

An der däitscher Coupe sinn och nach 3 Lëtzebuerger mat hiren Ekippe vertrueden. Gladbach mam Tiago Pereira spillt doheem géint St. Pauli mam Danel Sinani. Den Eldin Dzogovic muss mat Magdeburg op Leipzig reesen an huet domadder eng schwéier Aufgabe virun der Broscht.

Union Berlin spillt donieft doheem géint Bayern München. Et gëtt och ee rengen Zweetligamatch tëscht Hertha a Kaiserslautern.

D’Matcher ginn den 2. an den 3. Dezember gespillt.

Den Iwwerbléck vun de Matcher

Borussia Dortmund (BL) - Bayer Leverkusen (BL)
Hamburger SV (BL) - Holstein Kiel (2.BL)
Union Berlin (BL) - Bayern München (BL)
Vfl Bochum (2.BL) - VfB Stuttgart (BL)
Hertha BSC (2.BL) - 1. FC Kaiserslautern (2.BL)
SC Freiburg (BL) - Darmstadt 98 (2.BL)
Borussia Mönchengladbach (BL) - FC St. Pauli (BL)
RB Leipzig (BL) - 1. FC Magdeburg (2.BL)