Beveren bleift des Saison deemno weider ongeschloen. Schwaarzen Dag iwwerdeems fir den Danel Sinani mat St. Pauli.

De Laurent Jans, dee seng Ekipp als Kapitän op den Terrain gefouert huet, feiert an der Challenger Pro League an der Belsch mat Beveren eng 2:1-Victoire géint déi zweet Ekipp vum FC Brügge. Dobäi stoung de Kapitän vun der Nationalekipp wéi gewinnt iwwer 90 Minutten um Terrain. Beveren spillt bis dato eng impressionant Saison. Vun 12 gespillte Matcher huet een da bis elo 11 gewonnen, dat bei engem Remis.

An der Bundesliga huet St. Pauli géint Gladbach näischt ze radette gehat a kennt beim 0:4 ënnert d'Rieder. An der 27. Minutt hat den Danel Sinani eng gutt Chance, säi Schoss aus ronn 22 Meter sollt awer knapp laanscht de Potto goen. Weider gutt Aktioune sollten net dobäi kommen, de Lëtzebuerger gouf wéi och déi aner Offensivspiller Pereira Lage an Oladapo Afolayan an der Paus ausgewiesselt. Den Detail vum Match fannt dir hei.

De Marvin Martins huet an der Super League an der Schwäiz mam FC Winterthur 4:2 géint Servette Genf gewonnen. De Martins stoung de ganze Match um Terrain. Fir Winterthur war et um 12. Spilldag déi 1. Victoire an dëser Saison. Et steet ee mat elo 6 Punkten awer weider op der leschter Plaz an der Tabell.

An der 2. Liga an Éisträich huet St. Pölten de Spëtzematch mat 0:2 géint den Florisdorfer AC verluer. Den Dirk Carlson huet d'Lokalekipp als Kapitän ugefouert, konnt Néierlag géint den drëtten an der Tabell awer och net verhënneren. An der 51. Minutt krut de FLF-Nationalspiller déi Giel Kaart gewisen. St. Pölten bleift trotz der zweeter Néierlag an dëser Saison weider op der 1. Plaz.

An der Hollännescher Eredivisie huet Breda um 11. Spilldag 1:0 géint Ahead Eagles gewonnen. Den Enes Mahmutovic ass bei der Lokalekipp an der 85. Minutt agewiesselt ginn.

A Saudi Arabien spillen Al Khaleej mam Anthony Moris an Al-Ittihad FC an engem rasantem Match 4:4-Gläich.

Freideg

Aus 11 Matcher huet Bastia an der franséischer Ligue 2 nëmme 4 Punkte konnten huelen. Doropshi gouf ënnert der Woch hiren Trainer Benoît Tavenot entlooss. D'Ekipp mam Lëtzebuerger Florian Bohnert huet um Freideg den Owend no enger turbulenter Woch um Terrain eng Reaktioun gewisen, a setzt sech virun eegene Supportere mat 1:0 géint Clermint Foot duerch. Den Nationalspiller Florian Bohnert stoung vun Ufank un um Terrain a gouf beim Stand vun 0:0 an der 54. Minutt ausgewiesselt. Trotz der Victoire bleift Bastia weiderhin op der leschter Plaz an der Tabell, mat elo 7 Punkten.

An der Bundesliga huet sech den FC Augsburg mat 0:1 géint Dortmund geschloe ginn. Den Aiman Dardari stoung net am Kader vun der Ekipp vum Sandro Wagner, déi no der Néierlag weider an der Kris bleiwen, iwwerdeems de BVB elo 20 Punkten no 9 Matcher um Konto huet.