Den zweete Match e Sonndeg goung mat 33:34 verluer, mee d'Astellung war de ganze Match iwwer eng aner. Domat ass Lëtzebuerg an der WM-Quali eliminéiert.

No der klorer Néierlag e Samschdeg haten d'Rout Léiwen am zweete Match näischt ze verléieren a konnte befreit opspillen. Mat enger vill besserer Leeschtung hu si hiert Potenzial nees eng Kéier ënner Beweis gestallt. Um Enn muss sech Lëtzebuerg trotzdeem mat 33:34 geschloe ginn.

Den Ojié Etute konnt wéinst enger Blessur un der Hand net matwierken. Den Diddelenger krut e Samschdeg e Schlag of a souz mat bandagéierter Hand op der Tribün.

Lëtzebuerg war mat vill Elan an de Match gaangen, Lettland konnt awer séier reagéieren an d'Féierung iwwerhuelen. Déi éischt Véierelstonn gouf méi intensiv gefouert wéi den éischte Match: 2 Zäitstrofe fir Lettland, 1 fir Lëtzebuerg. Och de Rescht vun éischter Hallschent war immens serréiert; Lettland huet 5 Zäitstrofe gesammelt, Lëtzebuerg der zwou.

Lëtzebuerg koum no 14 gespillte Minutten zum Ausgläich a konnt an der 17. Minutt duerch de Fynn Köller no laanger Zäit mol nees d'Féierung iwwerhuelen. Anescht wéi e Samschdeg gouf de lettesche Golkipp net waarm geschoss.  Et war en immens séiere Match mat vill Tempo op béide Säiten. Duerch hiert séiert Spill hunn d'Rout Léiwe méi Lächer an der lettescher Defense fonnt an hunn och méi mat hire Bandë gespillt.

Och d'Rout Kaart fir den Adel Rastoder an der 23. Minutt war just e kuerzfristege Knackpunkt am Lëtzebuerger Spill. No e puer Minutte ware Weyer, Etute & Co nees am  Flow a konnte mat engem 16:15 an d'Kabinne goen. Duerch d'Disqualifikatioun vum Rastoder koum den Diddelenger Loris Labonté zu sengem zweeten Asaz fir d'FLH-Selektioun.

RTL

De Loris Labonté am Asaz um Pivot. / © Fernand Schmitz

An der Paus gouf den Arsène Welter fir seng laangjäreg Déngschter fir de Lëtzebuerger Arbitrage vun der Federatioun geéiert. De Léon Donven war Arbitter op europäeschem Niveau an Delegéierten souwuel am Groussherzogtum wéi fir d'EHF an huet iwwer 2000 Matcher geleet. Och hie krut Merci gesot.

Och am zweeten Duerchgang huet Lëtzebuerg e ganz anert Optriede par rapport zu e Samschdeg gewisen - et war méi géigesäiteg Ënnerstëtzung, méi Loscht, méi Feier ze gesinn. Dat ass och op d'Tribünen iwwergesprongen an d'Ënnerstëtzung vun den 820 Supporter war bis zum Schluss do.

Tëscht der 40. an der 50. Minutt ass d'Hoffnung op eng weider Sensatioun ëmmer méi gewuess, wéi Lëtzebuerg bis op 4 Goler ewech war. Virun allem den Itua Etute konnt mat sengen 11 Goler optrompen. Och de Kell Meyers am Gol huet an dëser Phas staark gehalen. Dës Hoffnung sollt sech awer séier zerschloen; Lettland war bannent kuerzer Zäit nees op 2 Goler drun, a spéitstens nom Ausgläich an der 51. Minutt war d'Gewëssheet do.

An der leschter Minutt huet sech Lëtzebuerg ëm e bessert Resultat bruecht. Duerch e Ballverloscht am leschten Ugrëff konnt Lettland awer nach d'Victoire asäckelen. Et bleift awer e positiven Androck zum Ofschloss vun dësem Doubleheader. Et gëtt een trotzdeem d'Gefill net lass, dass d'FLH-Formatioun esou kämpferesch Leeschtunge just liwwere kann, wa se de Match virdru verluer huet. Dat war géint d'Belsch Ufank 2025 esou an 2024 géint Lettland. Et bleift ofzewaarden, wat fir Léieren doraus gezu ginn.