D'Lëtzebuergerin huet e Sonndeg de Weltcup am Chile gewonnen. Et war hir éischt Victoire bei engem Weltcup.

Fir d'Jeanne Lehair ass e Sonndeg d'Saison 2025 mat enger weiderer Victoire op en Enn gaangen. D'Lëtzebuerger Triathletin huet de Weltcup zu Vina del Mar am Chile gewonnen. Fir d'Sprintdistanz (750 Meter Schwammen, 20 Kilometer Vëlofueren a 5 Kilometer Lafen) huet d'Lehair 56 Minutten an 13 Sekonne gebraucht. Si huet sech kloer virun der Spuenierin Sara Guerrero (56‘35‘‘) an der Venezuelanerin Rosa Elena Martinez (57‘10‘‘) behaapt.

Déi meescht vun de weltbeschten Triathletinnen haten op e Start beim Weltcup am Chile verzicht, doduerch ass d'Jeanne Lehair mat der Startnummer 1 als Toppfavoritin op d'Victoire un den Depart gaangen.

Fir déi 29 Joer al Triathletin geet et elo an eng wuelverdéngte Paus.

D'Jeanne Lehair kann op eng staark Saison zeréckkucken, an där si sech an der absolutter Weltspëtzt etabléiert huet. Hir ass ë.a. 2025 déi éischt Victoire am Kader vun der World Triathlon Championship Series gelongen. Fréi an der Saison stoung si bei der Manche zu Yokohama ganz uewen um Podium. Donieft huet d'Lëtzebuergerin duerch d'Victoire zu Toulouse och d'Supertri League gewonnen. Um Podium hat hire Partner nach fir e ganz besonnesche Moment gesuergt an d'Lëtzebuergerin gefrot, ob si hie bestuede wéilt. Kuerz drop ass et fir d'Lehair an Australien gaangen. Hei wollt si bei der leschter Manche vun der World Triathlon Championship Series nach emol ugräifen a sech eng Medail sécheren. Ma zu Wollongong ass si hannert den Erwaardunge bliwwen. Um Enn war et déi 21. Plaz an am WM-Klassement ass si vun der drëtter op déi sechste Plaz zeréckgefall.