Um Sonndeg war d'Suite vum 7. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.

Hären

De Basket Esch setzt sech auswäerts kloer mat 83:60 zu Mamer duerch. D'Gäscht hunn an dëser Partie vun Ufank un de Rhythmus bestëmmt a louche schonn an der Paus 49:30 a Féierung. Jordan Hicks (23 Punkten), Quinten Nelson (22) a Clancy Rugg (19) hunn als Trio 66 Punkte geworf.

D'Arantia Fiels huet sech am Duell tëschent de punktgläichen Ekippe géint d'Amicale Steesel duerchgesat. D'Lokalekipp konnt sech am drëtte Véierel e Virsprong eraus spillen an huet dëse bis zum Schluss verdeedegt. Um Enn stoung eng 83:74-Victoire fir d'Fiels um Tableau. 23 Punkte konnt de Michael Anthony Carter fir d'Arantia markéieren.

Um Freideg hat ënner anerem d'Sparta Bartreng mat 100:94 géint d'Résidence Walfer gewonnen an ass domat weiderhin ongeschloen un der Tabellespëtzt vun der Enovos League.