Vun e Freideg bis e Sonndeg huet d'U18-Handball-Nationalekipp an der Coque gespillt. Am leschte Match géint Nordmazedonien gouf et eng 17:25-Néierlag.

Den Heemvirdeel huet der U18 net den néidege Schwong an déi puer Prozent méi ginn. Och den drëtte Match am Quali-Turnéier fir d'EM 2026 goung kloer verluer. Géint Nordmazedonien stoung et no 60 Minutte 17:25 aus Lëtzebuerger Siicht.

Wéi an de Matcher virdru géint Griicheland a Finnland hunn d'Lëtzebuerger Jugendspiller vill Bäll leie gelooss a virum Gol net déi néideg Konsequenz gewisen. Domat schléissen d'Jongléiwen d'Campagne mat 0 Punkten op der 4. Plaz of a spillen nächste Summer d'EHF Championship. Nordmazedonien a Finnland (29:25 géint Griicheland) hu sech fir U18-Europameeschterschaft qualifizéiert.

D'Sandra Flenghi, Vizepresidentin vun der FLH, huet op organisatoreschem Plang e positive Bilan gezunn. D'Cheffin vum 30 Kapp staarken Organisatiounskommitee hat an de leschte Méint all Hänn voll ze dinn, fir dat éischt Jugend-Qualifikatiounsturnéier op Lëtzebuerger Territoire ze plangen.

Fir dëst Turnéier hätt een och zousätzlech Sponsore acqueréiere kënnen, fir d'Käschte vun der Organisatioun ze stemmen. Et wéilt een och an Zukunft Jugendturnéier op Lëtzebuerg zéien. D'Demande vun der EHF wär op alle Fall do.

Déi sportlech Resultater missten an den nächste Wochen ausgewäert an opgeschafft ginn, fir dass ee sech bei der EHF Championship - der B-EM - am Summer 2026 besser aus der Affär zitt. Do wäerte Géigner vun änlechem Kaliber op d'Jongléiwe waarden.

Am Kader vun der U18 stoungen och vill Jugendspiller, déi an Däitschland op Handballakademien ageschriwwe sinn. De Jugendkoordinator vum ThSV Eisenach, de Mark Dragunski, hat sech déi dräi Deeg bis op Lëtzebuerg deplacéiert, fir seng 5 lëtzebuergesch Spiller ze observéieren. Den Dragunski hat an den 2000er-Joren fir d'däitsch Nationalekipp gespillt. Mat sengen 2,14 Meter huet hien eng änlech Statur wéi de Lett Dainis Kristopans.

Am Gespréich mat RTL huet den Dragunski d'Leeschtung vu senge Spiller als zolidd ageschat, hien hätt sech awer fir verschiddener e puer Spillminutte méi gewënscht. Zu Eisenach wär een zefridde mam Optrieden an der Aarbecht vun de Lëtzebuerger Jugendspiller a géif si an den nächste Joren op hirem Wee weider begleeden. Et wär een och an engem gudden Austausch mam Nationaltrainer Maik Handschke an Eisenach hätt och scho weider Talenter am Bléck.