Last-Minute-Succès fir Inter, Hamburg verléiert zu Köln
© afp
Donieft huet West Ham an England de Match géint Newcastle gedréint a sech um Enn 3:1 behaapt. ManCity klëmmt no der Victoire an der Tabell op déi 2. Plaz.
Hoffenheim konnt sech an der 1. Bundesliga och nach knapp zu Wolfsburg duerchsetzen.
An der 2. Bundesliga hu Fürth mam Mathias Olesen an och Magdeburg mam Eldin Dzogovic hir Partië verluer.
Bundesliga
Köln - Hamburg 4:1
1:0 Ache (24'), 2:0 Kainz (49'), 2:1 Dompé (61'), 3:1 El Mala (90+4'), 4:1 Kaminski (90+9')
Am Duell vun den Opsteiger war Köln an der Ufanksphas däitlech méi present a konnt duerch den Ache an der 24. Minutt och den éischte Gol markéieren. Hamburg war ëmmer nees no Kontere geféierlech, e Gol sollt virun der Paus awer net méi falen. Nom Säitewiessel huet Köln duerch e wonnerschéinen direkte Fräistouss vum Kainz op 2:0 erhéicht. Direkt an der nächster Aktioun huet de Vieira de Ball fir den HSV am Gol ënnerbruecht, de Gol gouf awer no iwwer 5 Minutte VAR-Iwwerpréiwung zréckgeholl. Et blouf deemno beim 2:0 fir Köln. An der 61. Minutt gouf den HSV duerch de Gol vum Dompé fir hir d'Spill belount. D'Gäscht ware méi present an den Zweekämpf an hunn an der 72. Minutt op en Neits getraff. De Gol huet nees net gezielt, de Philippe stoung am Abseits. An de leschten 10 Minutten huet den HSV sech awer zweemol geschwächt. Souwuel de Pherai wéi och de Vieira kruten déi zweet giel Kaart gewisen an hu missen dusche goen. Köln huet an de leschte Minutten de Match geréiert. An der 4. vun 12 Minutten Nospillzäit konnt den El Mala mam 3. Gol alles kloer fir Köln maachen. Kuerz drop ass och nach de 4:1 duerch de Kaminski gefall.
Wolfsburg - Hoffenheim 2:3
1:0 Amoura (14'), 1:1 Burger (31'), 1:2 Prömel (50'), 2:2 Amoura (56'), 2:3 Burger (62')
An der 1. Hallschent ass bis op déi 2 Goler näischt geschitt. Béid Formatioune waren deemno effikass virum Gol. den Amoura huet Wolfsburg no 14 Minutten a Féierung bruecht. No der hallwer Stonn konnt de Burger fir Hoffenheim ausgläichen. No der Paus hu béid Ekippen awer fir en Offensivspektakel gesuergt. Nodeems de Prömel d'Gäscht a Féierung bruecht hat, konnt den Amoura 6 Minutte méi spéit ausgläichen. Weider 6 Minutten drop konnt de Burger Hoffenheim awer nees mat 3:2 vir bréngen. D'Heemekipp war och an der Suite méi staark a konnt sech um Enn verdéngt duerchsetzen. Hoffenheim steet domadder op der 6. Plaz an der Tabell. Wolfsburg huet op der 12. Plaz just 3 Punkte Virsprong op den Tabelleleschten Heidenheim.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
West Ham - Newcastle 3:1
0:1 Murphy (4'), 1:1 Paqueta (35'), 2:1 Botman (45+5', Selbstgol), 3:1 Soucek (90+7')
Newcastle war fréi duerch de Murphy a Féierung gaangen. An der Suite war d'Heemekipp awer méi staark. An der 35. Minutt konnt de Paqueta ausgläichen, éier de Botman kuerz virun der Paus de Ball an den eegene Gol gesat huet. West Ham hat deemno d'Partie gedréint. No der Paus ass et um Terrain weider hin a hier gaangen e Gol sollt awer bis déif an d'Nospillzäit net méi falen. An der 97. Minutt huet de Soucek no engem Konter den Deckel op d'Partie gemaach.
Manchester City - Bournemouth 3:1
1:0 Haaland (17'), 1:1 Adams (25'), 2:1 Haaland (33'), 3:1 O'Reilly (60')
Et war eng animéiert Partie tëscht dem Favorit ManCity an der Iwwerraschungsekipp vu Bournemouth. Béid Ekippen hu sech virun de Goler vill Chancen erausgespillt. An der 1. Hallschent konnt den Haaland zweemol fir d'Heemekipp, den Adams eemol fir d'Gäscht markéieren. D'Gäscht hunn och nom Téi monter matgehalen, ManCity war awer méi routinéiert an den 3:1 an der 60. Minutt duerch den O'Reilly sollt fir d'Virentscheedung suergen. Bournemouth huet weiderhin alles probéiert, de Géigner war um Enn ze staark. City spréngt nom Succès op déi 2. Plaz an der Tabell, de Réckstand op Arsenal läit scho bei 6 Punkten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Hellas Verona - Inter Mailand 1:2
0:1 Zielinski (16'), 1:1 Giovane (40'), 1:2 Frese (90+3', Selbstgol)
Inter koum zu Verona mat engem bloen A dovun a bleift um Tabelleleader Neapel drun. De Favorit ass fréi an der Partie duerch den Zielinski a Féierung gaangen. D'Heemekipp konnt sech awer nach virum Säitewiessel den 1:1-Ausgläich duerch den Giovane erkämpfen. An der 2. Hallschent hat och Verona méi vum Spill, dat lescht Wuert sollt awer Inter hunn. An der Nospillzäit huet de Frese eng harmlos Flank vum Barrella an den eegene Gol deviéiert. Verona bleift am Tabellekeller stiechen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Lille - Angers 1:0
1:0 Correia (45+3')
D'Heemekipp konnt sech verdéngt géint Angers duerchsetzen. Lille war kuerz virun der Paus a Féierung gaangen an huet sech de Virsprong net méi huele gelooss. An der Tabell kann ee sech weiderhin ënnert den Top 5 behaapten.