Um Sonndeg stoung d'Suite vum 12. Spilldag um Programm. Mamer war Biissen mat 1:4 ënnerleeën, Diddeleng huet sech donieft géint Hesper behaapt.

Bissen konnt sech kloer mat 4:1 zu Mamer duerchsetzen an déi 7. Victoire an de leschten 8 Matcher feieren. Et war bis an déi 19. Minutt eng ausgeglache Partie. Duerch 2 Onopmierksamkeeten an der Ofwier konnten d'Gäscht bannen 3 Minutten zweemol markéieren. De Guimares an den Abi Ramzi hate getraff. Mamer war am Spill no vir ze harmlos. Kuerz no der Paus huet de Ferber mam 3. Gol fir d'Virentscheedung gesuergt. Mamer war an der Suite beméit, fir de Réckstand ze verkierzen, richteg Golchancë sinn awer weiderhin ausbliwwen. Réischt an der Nospillzäit konnt de Jaeger no engem Eelefmeter op 1:3 verkierzen. Kuerz drop huet de Boisseron mat engem Selbstgol fir d'1:4-Schlussresultat aus Siicht vu Mamer gesuergt. Mamer bleift mat 7 Punkten um Wupp vun der Tabell.

Diddeleng konnt sech donieft mat 3:1 géint Hesper behaapten. D'Heemekipp war an der 1. Hallschent déi dominant Ekipp an ass no 38 Minutten duerch de Pianelli a Féierung gaangen. Hesper konnt awer nach virun der Paus no engem Eelefmeter vum Kaloga ausgläichen. Den F91 huet nom Säitewiessel op den nächste Gol gedréckt a gouf an der 74. Minutt belount. De Rotundo hat fir den 2. Gol gesuergt. D'Gäscht konnten net méi esou richteg reagéieren. An der Nospillzäit huet de Gomes Soares den drëtten a leschte Gol fir den F91 markéiert.

Un der Tabellespëtzt bleift weiderhin Déifferdeng. E Gol vum D'Anzico an der 1. Hallschent ass der Heemekipp duergaange, fir sech géint Péiteng duerchzesetzen. Den Trainerwiessel huet beim Racing nach net de néidege Succès matbruecht. Géint Käerjeng gouf et doheem en 1:1-Gläichspill.

Um Freideg waren tëscht Rodange a Nidderkuer keng Goler gefall.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Mamer - Biissen 1:4
0:1 Santos Guimares (19'), 0:2 Abi Ramzi (22'), 0:3 Ferber (52'), 1:3 Jaeger (90+2'), 1:4 Boisseron (90+4')

Hueschtert - Munneref 2:1
1:0 Ahmeti (60‘), 1:1 Issaka (81'), 2:1 Fernandes (85')

F91 - Hesper 3:1
1:0 Pianelli (38‘), 1:1 Kaloga (41‘, Eelefmeter), 2:1 Rotundo (74‘), 3:1 Gomes Soares (Dinho) (90+1')

Jeunesse - Rouspert 1:0
1:0 Elshan (70‘)

Déifferdeng - Péiteng 1:0
1:0 D'Anzico (17‘)

Kanech - Stroossen 3:3
0:1 Nogueira Albuquerque De Souza (27‘), 0:2 Nogueira Albuquerque De Souza (34’), 1:2 Gomes (45+1’), 2:2 Deville (53’),  2:3 Nogueira Albuquerque De Souza M. (90+7'), 3:3 Gomes (90+8')

Racing - Käerjeng 1:1
1:0 Hofland (25', Eelefmeter), 1:1 Bayilu (79')

D'Tabell