GANZE MATCH AM REPLAY: WM-QualifikatiounLëtzebuerg packt Sensatioun: 0:0 géint Frankräich

Frankräich huet vill Drock gemaach, ma d'Defense an de Goalkeep vun de Roude Léiwe konnte si net iwwerwannen.

D'Lëtzebuerger maachen d'Sensatioun perfekt an huele mat engem 0:0 ee Punkt zu Toulouse géint Frankräich. Béid Equippen haten d'Chancen, fir de Match fir sech z'entscheeden.

Déi éischt 15 Minutten hunn de Fransouse gehéiert, déi direkt e puer Mol net ongeféierlech virun de Lëtzebuerger Goal koumen. No 21 Minutten awer dunn déi bis elo beschte Chance am Match. Lëtzebuerg kontert an den Dave Turpel koum eleng virun de Goal, dat vun der rietser Säit. Säi Schoss konnt de Lloris an de Goal-Aus paréieren.

De ganze Match mat Analyse am Replay (04.09.2017)
Erlieft d'Sensatioun op een Neits!


De Korner, dee bei der Situatioun erausgesprongen ass, huet dogéint zu enger gudder Chance fir Frankräich gefouert. Den Mbappé huet d'Defense stoe gelooss, ma ass um Joubert hänke bliwwen. Les Bleus hunn dono dominéiert, deelweis esouguer mat Powerplay, ma si koumen ni laascht de Joubert. D'Lëtzebuerger koume just ganz seelen an d'Hallschent vun de Fransousen, konnten awer nach zwee Mol e Korner dobäi erausschloen.

Mat engem 0:0 ass et an d'Paus gaangen.

© AFP


An der zweeter Hallschent e ganzt ähnlech Bild, wéi an den éischte 45 Minutten. Frankräich mécht Drock, Lëtzebuerg hält dogéint a probéiert ze konteren. An der 62. Minutt hat de Sidibe den 1:0 um Kapp, ma de Joubert war op der Plaz a kraazt de Ball vun der Linn. Dono koumen d'Minutte vum Philipps, deen de Fransouse bei all gréisser Chance an der zweeter Hallschent ëmmer nees am Wee stoung. An der 70. Minutt hat Frankräich direkt 3 gutt Chancen an e puer Sekonnen, ma ëmmer nees huet sech e Roude Léiw an de Ball gehäit.

Pech a Chance fir Lëtzebuerg no 75 Minutten. Als éischt krut de Rodrigues Abseits gepaff, obwuel hien net drastoung. Dono hätt den Arbitter no enger Zeen am 16 Meter vun de Lëtzebuerger kéinten op de Punkt weisen, huet dat awer och net gemaach. No 79 Minutte war et bal den 1:0 fir d'Lëtzebuerger, de Rodrigues setzt sech gutt op der lénker Säit duerch an trëfft beim Ofschloss just de Potto, de Lloris am Goal wier geschloe gewiescht. Den Noschoss vun de Lëtzebuerger gouf vun der Defense geblockt. An de leschte Minutten huet Frankräich nach eng Kéier alles no Vir gehäit ma d'Lëtzebuerger stounge kompakt an hu keng Chance zougelooss.



Déi bescht Zeene vum Match (03.09.2017)
Déi bescht Aktiounen, och de Potto vum Gerson Rodrigues.


Mam Punkt iwwerhëlt Lëtzebuerg Wäissrussland an der Tabell  a steet elo mat 5 Punkten net méi op der leschter Plaz vum Grupp A.



LINK: Pur Emotiounen: déi lescht Sekonne vum Match mat Live-Commentaire

Lëtzebuerg schreift Geschicht/Reportage Jeff Kettenmeyer



D'Sensatioun ass perfekt (04.09.2017)
Lëtzebuerg huet de grousse Favorit a Schach gehalen.


D'Reaktioune vun de Spiller an Trainer nom Match um Micro vum Serge Olmo:
Reaktioun vum Nationaltrainer Luc Holtz (03.09.2017)
Den Trainer ass houfreg op seng Jongen.


Reaktioun vum Laurent Jans (03.09.2017)
De Spiller vu Waasland-Beveren feelt am nächste Match géint Schweden.


Reaktioun vum Jonathan Joubet (03.09.2017)
De Lëtzebuerger Goalkipp huet d'Null gehalen.


Reaktioun vum Didier Dechamps (03.09.2017)
De franséischen Nationaltrainer gratuléiert och de Lëtzebuerger.


Reaktioun vum Antoine Griezmann (03.09.2017)
De Weltstar gratuléiert de Lëtzebuerger an hieft den immensen Equippegeescht vun de Lëtzebuerger ervir.


Lëtzebuerg spillt 0-0 géint Frankräich - Reportage S. Olmo



Vill Reaktiounen och an de soziale Medien:







































An de weltwäiten Twittertrends louch #FRALUX um Sonndeg den Owend op der zweeter Plaz, just geklappt vum TV Duell an Däitschland.



Reaktioun vum Sportsminister
Kuerz no Match koum e Communiqué aus dem Sportsministère

Communiqué de presse: (3.9.2017)

Match de qualification aux Championnats du monde de football à Toulouse ce dimanche 3 septembre 2017:

France - Luxembourg: 0 - 0 

"Le jour de gloire est arrivé - BRAVO Jongen " !

s. Romain Schneider

Ministre des Sports

De Sportminister Romain Schneider felicitéiert



Presserevue

An der geschriwwener Press gëtt sech um Méindeg de Moien natierlech och nom Resultat vun e Sonndeg den Owend iwwerschloen: „FLF-Team wächst über sich hinaus“ ass am Lëtzebuerger Wort ze liesen, „Das blaue Wunder!“ heescht et am Tageblatt a „Pour l'histoire“ am Quotidien. An der franséischer Press héiert dat sech anescht un: D'Equipe freet z.B. just „De quoi on a l'air?“


Weider Resultater vum Sonndeg:

Grupp A:

Wäissrussland - Schweden 0:4

0:1 Forsberg (18'); 0:2 Nyman (24'); 0:3 Berg (37'); 0:4 Granqvist (84')

Holland - Bulgarien 3:1

1:0 Pröpper (7'); 2:0 Robben (67'); 2:1 Kostadinov (69'); 3:1 Pröpper (80')

Grupp B:

Lettland - Schwäiz 0:3

0:1 Seferovic (9'); 0:2 Dzemaili (54'); 0:3 Rodriguez (57')

Ungarn - Portugal 0:1

0:1 Silva (48')

Resumé Ungarn géint Portugal (03.09.2017)
Portugal klappt Ungarn knapps mat 1:0.


Färöer Inselen - Andorra 1:0

1:0 Sorensen (31')

Grupp H:

Gibraltar - Bosnien an Herzegowina 0:4

0:1 Dzeko (35'); 0:2 Kodro (65'); 0:3 Lulic (83'); 0:4 Dzeko (85')

Griicheland - Belsch 1:2

0:1 Vertonghen (70'); 1:1  Zeca (73'), 1:2 Lukaku (75')

Resumé Griicheland géint d'Belsch (03.09.2017)
D'Belsch konnte sech mat 2:1 duerchsetzen.


Estland - Zypern 1:0

1:0 Kait (92')

Grupp I:

Kroatien - Kosovo 1:0

1:0 Vida (74')

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.