De 6. September start déi nei Handballsaison an domat gëtt och den Nofollger vum Champion Red Boys Déifferdeng gesicht.

Zënter dem leschte Weekend beim Supercup flitt de Ball nees duerch d'Lëtzebuerger Halen. Fir den Optakt vun der neier Saison wäerten awer just zwee vu véier Matcher stattfannen, well Diddeleng an Esch hir Matcher am European Cup absolvéiere mussen. De Champion Red Boys Déifferdeng kritt Besuch vu Rëmeleng a Käerjeng muss sech beim HC Standard beweisen. Bierchem an Dikrech gräifen eréischt um 2. Spilldag an.

Handball Virschau: Favoritten op den Titel / G. Tricca

D'Saison 2025/26 versprécht genee esou spannend bis zum Schluss ze gi wéi déi lescht Saison, wou sech Déifferdeng eréischt um leschte Spilldag mat enger klorer Victoire zu Bierchem den Titel geséchert hat. Den HCB gehéiert nom Meeschtertitel 2024 an dem Coupegewënn 2025 och dës Saison nees zu de Favoritten, dozou gesellt sech mam HB Diddeleng eng Ekipp, déi am Summer personell grouss opgerëscht huet. Souwuel vill jonk Talenter wéi och en erfuerenen Trainer konnten an d'Forge du Sud gelackelt ginn. D'Red Boys hu wuel e groussen Ëmbroch erlieft (7 Ofgäng an neien Trainer), mee och si däerf een net aus der Course huelen.

Den HB Esch gëtt vu villen Traineren als Kinneksmaacher gesinn, wann et am Playoff ëm den Titel geet. D'Ekipp vum Rajko Milosevic kann et op engem gudden Dag all Ekipp schwéier maachen. Mee vill Trainere gesinn och am HC Standard eng méiglech Iwwerraschungsekipp. D'Ekipp aus der Haaptstad huet sech clever verstäerkt a wëll och uewen ugräifen.

Den HB Käerjeng géif gär eng méi roueg Saison wéi déi lescht erliewen, muss awer och oppassen, net an den Ofstigskampf eragezunn ze ginn. Dikrech a Rëmeleng, déi sech an der Relegatioun duerchsetze konnten, wëllen ëm déi berüümt 6. Plaz matspillen.

Bierchem an Diddeleng huelen d'Favoritteroll un, Déifferdeng stapelt déif

De Bierchemer Trainer Marko Stupar hofft op eng Saison mat manner grave Blessuren a gesäit de Scott Meyers, de Yann Hoffmann an de Ben Majerus nieft dem Dragan Vrgoc an dem Valentin Mitev als Neizougäng. Wéini dës Spiller, déi alleguer un enger Blessur um Knéi laboréieren, nees an den Asaz kommen, kann de Stupar net soen. Mee hie wëll och keen Drock opbauen. Wann nees esou vill Blessuren opkéimen, géif een dës Saison op d’Jugend setzen a keng fréier Spiller reaktivéieren. Dofir hunn d’Réiserbänner en neien Transitiounssystem ageféiert, fir d'Jugend besser an de Seniorsberäich erunzeféieren. De President Marc Meyers sot weider, et géif ee versichen, de "grénge Fuedem vun der Jugend bis an d’Härenekipp duerchzezéien". Op d’Favoritteroll ugeschwat, sot de Marko Stupar am RTL-Interview, "d’Spiller hunn de Wonsch, dass mer ëm all Titel spillen".

RTL

Bierchem a säin Trainer Marko Stupar wëllen ëm all Titel matspillen. / © Fernand Schmitz (Archiv)

Den Dusko Bilanovic betrëtt mat senger Trainerstatioun zu Diddeleng Neiland. Hie misst sech fir d'éischt emol e Bild vum Lëtzebuerger Handball maachen, wéi hie sot, géif d'Favoritteroll, déi dem HBD vu ville Säiten zougeschriwwe gëtt, awer unhuelen a wëll d’Ekipp beschtméiglech weiderentwéckelen. Dohier léisst hie seng Spiller och moies an owes trainéieren. De gebiertege Serb koum op den Diddelenger Trainerstull, nodeem ee sech wéinst Divergenzen iwwer d’Zukunft vum Martin Hummel getrennt hat, wéi den HBD-President Christian Schott géintiwwer RTL sot. Dëse sot och, dass en Titel an den nächste Joren d'Zil wär. Ob dës Saison schonn déi éischt Meeschterschaft zënter 2015 oder déi éischt Coupe zënter 2013 erausspréngt, wäert sech weisen.

Och d'Red Boys Déifferdeng hunn an der Persoun vum Marc Breser en neit Gesiicht op der Trainerbänk – hien ass awer keen Onbekannten. An de leschte Joren hat de Breser schonn als Jugend- a Kotrainer vum Nikola Malesevic geschafft. "Den Titel ze confirméieren, gëtt schwéier. Ech gesinn eis net an der Favoritteroll", hält sech de Marc Breser mat Ambitiounen zeréck. Mat engem staark verjéngte Kader par rapport zur leschter Saison wëll ee "laang uewe matspillen". De Vizepresident vun de Red Boys, de Luc Lordong, gëtt e bësse méi konkreet, a gëtt als Zilsetzung d'Topp 3 eraus.

Beim HB Esch gi schonn zënter leschtem Joer méi kleng Bréidercher gebak. Nom Réckzuch vu laangjärege Gréisste wéi Pulli a Muller huet sech d'Ekipp vum Trainer Rajko Milosevic an der leschter Saison mat Plaz 4 fir de European Cup qualifizéiert. De "positiv verréckten Trainer", deen an de leschten 10 Joer eng Dose Couppe mam HBE gewonnen huet, geet a seng zweet Saison als Haaptverantwortlechen a wëll vu senge Spiller "modernen a Freestyle-Handball" gesinn. Genee wéi Bierchem wäert och Esch op eng Rëtsch Spiller verzichte mussen: Mam Sebastian Edgar, Tom Krier an Enes Agovic fale wichteg Leit eng gewëss Zäit aus. De Milosevic ass awer dovun iwwerzeegt, dass mat enger kompletter Ekipp op d'mannst de Final4 a souguer eng Plaz ënner den Topp 3 dran ass.

Plaz 6: D'Zil vun dräi Ekippen; awer net vum Standard

Den HC Standard huet sech qualitativ an an der Breet verstäerkt a wëll uewen ugräifen. Dat verstoppt d'Presidentin Diane Weimischkirch net. Si wéilten et de groussen Ekippe schwéier maachen an de "Géigner an engem schlechte Moment iwwerraschen". Dofir hätt ee sech nieft dem Milasin Trivic an dem Kenan Hadrovic och nach mat engem Fransous fir de Réckraum verstäerkt. E grousse Plus wär, dass d'Ekipp gréisstendeels zesummebliwwe wär an eng gutt Mëschung aus Jonk an Al souwéi e "gutt Gemeinschaftsgefill“ bestéing. D'Presidentin vertraut dem katalaneschen Trainer Lucas Duane an hofft, och an der Coupe fir eng Iwwerraschung suergen ze kënnen.

Handball Virschau: Ekippen, déi den Ofstig wëllen evitéieren / S. Olmo

Den HB Käerjeng koum an der leschter Saison no ville Schwieregkeeten an engem Trainerwiessel am Dezember 2024 als 5. an d'Zil. Als positiv Punkten hieft den Trainer Ben Schuster am RTL-Interview d'Participatioun am Final4 an d'Entwécklung vun enger Rei Spiller am leschten Hallefjoer ervir; et hätt awer och vill schwéier Momenter ginn. Fir d'Saison 2025/26 muss een zu Käerjeng 10 Spiller ersetzen. Den Tom Meis huet mam Handball opgehalen an déi aner Spiller hunn de Veräi verlooss. Dës Ofgäng wäert ee mat véier U17-Spiller an och externen Neizougäng kompenséieren. De Schuster zielt drop, dass erfuere Spiller wéi Karamehmedovic, Veidig oder Zekan eng Féierungsroll iwwerhuelen: "Jonker brauchen eng Figur, un där si sech kënne festhalen". Mat den Ambitiounen hält sech den 29 Joer alen Trainer zeréck: "Mir dierfen d’Ziler net ze héich hiewen", d’Zil wär trotzdeem de Playoff. Hie gesäit seng Ekipp och e bëssen als "eng Wonnertut", seet awer gläichzäiteg, "d'Jonge brauchen Zäit".

RTL

Wat bréngt d'Saison 25/26 fir Käerjeng an den Armin Zekan? / © Val Wagner (Archiv)

Och Dikrech a Rëmeleng wëllen eng gutt Roll spillen an hunn déi begiert Plaz 6 am Bléck. Dat awer ënner ënnerschiddleche Viraussetzungen. D'Esperance Rëmeleng hat an der leschter Spillzäit no engem schwéieren Ufank am Playdown den Turnaround gepackt a sech sou eng weider Saison an der Axa League geséchert. D'Ekipp vum Trainer Yves Braconnier huet sech fir dës Saison nees mat enger Rei Leit verstäerkt a peilt d’Plaz 6 un. "D'lescht Saison hate mer e bëssen héich gegraff" mat den Ziler, sot de Braconnier. Dës Saison wär awer méi dran.

Beim Chev Dikrech ass den Trainer de Star. Den neien Trainer Blagojce Krstev huet iwwer 100 Lännermatcher fir Nordmazedonien gespillt a bréngt och international Erfarung aus der Champions League mat. De "Baze", wéi hien och genannt gëtt, kann dës Experienz och als Trainer notzen. Hie kennt de Lëtzebuerger Handball schonn aus senger Zäit als Trainer an der Belsch a war scho méi laang mat Dikrech a Kontakt. Et wär "kee kuerzfristege Projet" an der Ieselsstad. D'Zil vum Krstev fir dës Saison ass et, "all Géigner a Schwieregkeeten ze bréngen" an d'Ekipp "elo ze entwéckelen, fir an Zukunft méi stabil ze spillen". Hie schléisst och net aus, wann alles gutt verleeft, dass Dikrech dës Saison fir eng Iwwerraschung suerge kéint.

Maacht mat bei eiser Ëmfro

Aschätzunge vun den Traineren a vun RTL

Déi meescht Traineren a Veräinsverantwortlech gesinn am HB Diddeleng, dem HC Bierchem an de Red Boys Déifferdeng déi gréisst Favoritten op de Meeschtertitel 2025/26. A virun allem nom Supercup dierfen d'Red Boys net vun Ufank un aus der Meeschtercourse geholl ginn. Als méiglech Iwwerraschungsekipp gouf dacks den HC Standard genannt, deen och selwer Ambitiounen no uewen ugemellt huet.

Bierchem an Déifferdeng hunn an de leschte Saisonen Titele gesammelt a wëssen, wéi et sech ufillt, mat dësem Drock ëmzegoen. Awer grad beim HBD ass d'Gefor grouss, dass et hinnen ergeet wéi der SG Flensburg-Handewitt an Däitschland: villverspriechende Kader, erfuerenen Trainer, super Konditiounen, awer net dat gewënscht Resultat.

Fir d'Reporteren, déi den Handball fir RTL begleeden, bitt sech dohier och e gemëscht Bild, wat d'Favoritten op de Meeschtertitel ugeet. Fir de Serge Olmo mécht den HB Diddeleng d’'Course, de Yannick Glod tippt op den HC Bierchem an de Gilles Tricca wëll sech net virum éischte Match festleeën.

D'Handballfrënn aus dem Grand-Duché däerfe sech op eng interessant Saison 2025/26 freeën. D'Viraussetzunge mat villen neie Spiller an och neien Trainere verspriechen op alle Fall Spannung bis zum Schluss. Déi éischt Matcher wäerten eng Wonnertut ginn, bis all d'Ekippe wëssen, wou si stinn an ob si hir Ambitioune fir déi nei Saison erreeche wäerte kënnen.