Den 13. a 14. September spillt déi Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp zu Santiago de Chile am Weltgrupp I géint Chile. 

De Kapitän Gilles Muller huet fir dës Renconter den Alex Knaff, de Louis Van Herck, den Aaron Gil Garcia, de Raphael Calzi an de Metti Reiter selektionéiert.
 
Fir de Louis Van Herck an de Metti Reiter ass et déi éischt Nominatioun fir déi Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp. De Chris Rodesch ass no senger Verletzung am Juni nach net bei 100 Prozent. Säi Fokus läit am Moment drop erëm ganz fit ze ginn. Säin Zil ass um Enn vum Joer nach eng Kéier voll unzegräifen, fir an d'Top 100 vun der Welt ze kommen. Och de Gilles Kremer ass vun enger Verletzung ausgebremst ginn.

Begleet gëtt d'Ekipp vum Till Salme (Trainer), Benjamin Chassin (Kiné), Mike Welter a Laure Felgen (CA).

Den Depart an de Chile ass e Freideg. Gespillt gëtt am Parque Deportivo Estadio Nacional. Den 13. September ginn d'Matcher um 17 Auer Lokalzäit (23 Auer Lëtzebuerger Zäit), de 14. September um 16 Auer Lokalzäit (22 Auer Lëtzebuerger Zäit).

Weider Detailer fannt Dir vum Site vum Davis Cup.