Opgrond vun pro-palestinensesche Protester am Beräich vum Zil gouf d`Course 3 Kilometer virun der Arrivée ofgebrach an d`Zäiten do geholl.

De Jonas Vingegaard an den Tom Pidcock waren awer zu deem Moment e puer Sekonne virum Recht vun de Favoritten. Schonn ugangs der Course hate verschidden Ekippen op déi geféierlech Situatiounen aus de leschten Deeg opmierksam gemaach an d`Fro gestallt, wat een bei weidere Problemer géif maachen.

Och am Laf vun der Etapp duerch d`Baskeland gouf et ëmmer nees Protester. 15 Kilometer virun der Arrivée haten d`Organisateuren decidéiert, datt et keng Arrivée géif ginn. Den Tom Pidcock hat am leschte Bierg, dem Alto de Pike, attackéiert. Just de Leader Vingegaard konnt dem Britt säi Rad halen. Am Generalklassement bléift den Dän Leader.

Wou ass de Bob Jungels drun?

Stand 18 Auer waren nach keng offiziell Resultater do. Dem virtuelle Klassement no wier de Portugis Joao Almeida neien Zweeten am General, op 52 Sekonnen hannert dem Jonas Vingegaard. Op Plaz 3 hätt sech den Tom Pidcock verbessert mat engem Réckstand vu 56 Sekonnen op de Leader. Vum Lëtzebuerger Bob Jungels, deen en Dënschdeg Owend op Plaz 74 vum General stoung, si keng Tëscheresultater gewosst.

En Donneschdeg geet et op der 12. Etapp iwwer 144,9 Kilometer vu Laredo op Los Corrales de Buelna. Um Parcours leien e Col vun der éischter an ee vun der zweeter Kategorie.