Chris Froome war zäitweis a Liewensgefor

© Pressphoto
Dem fréieren Tour-de-France-Gewënner seng Fra huet verroden, dass hire Mann sech d'lescht Woch vill méi schwéier blesséiert hat wéi ugangs ugeholl.
No sengem schwéieren Accident, an dee keng aner Persoune verwéckelt waren, ass de Chris Froome erfollegräich operéiert ginn. Ugangs war rieds gewiescht vun engem Pneumothorax (Usammlung vu Loft tëscht Longen a Broscht), vu fënnef gebrachene Rëppen a vum Broch vun engem Réckewirbel. Bei der Operatioun zu Toulon gouf dunn och nach de Rass vum sac péricardique (Beidel vum Häerz) constatéiert.
De Prozess vun der Heelung wäert sech laang zéien, sou dem Froome seng Fra Michelle. Hie wäert eng Zäitchen net méi um Vëlo kënne sëtzen. De 40 Joer ale Britt soll an der Géigend vu Saint-Raphaël mat méi wéi 45 km/h géint e Verkéiersschëld gerannt sinn. Well säi Kontrakt bei Israel-Premier Tech um Enn vun dëser Saison auslafe wäert, kéint et sinn, dass dem Froome seng Karriär domat en Enn fanne wäert.