Op enger Pressekonferenz huet de Liichtathlet annoncéiert, dass hien no senger Participatioun op der WM a Japan seng Schong un den Nol wäert hänken.

Um Stade Josy Barthel war e Mëttwoch Moien eng Pressekonferenz vum CSL, op där hir Athlete Charel Grethen, Ruben Querinjean an Nora Lindahl (fir Schweden) hir Participatioun op der Liichtathletik-Weltmeeschterschaft zu Tokio a Japan presentéiert hunn. Déi eigentlech Nouvelle war awer, dass de Charel Grethen no där WM seng Lafschong un den Nol wäert hänken.

Den 33 Joer ale Mëttelstreckeleefer wäert sech zu Tokio op senger drëtter WM nach emol eng Freed maachen an op e leschten Highlight hoffen an de Lëtzebuerger Faarwen. Viru véier Joer war him op den Olympesche Summerspiller op der selwechter Plaz de Sprong an d'1500-Meter-Finall gelongen. No där Leeschtung war hien zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer 2021 gewielt ginn.

Weider Héichpunkter aus dem Charel Grethen senger Karriär:

  • 2016: Participatioun un den Olympesche Summerspiller zu Rio de Janeiro a Brasilien iwwer 800 Meter
  • 2017 Plaz 5 an der Finall iwwer 1.500 Meter op der Universiad zu Taipeh an Taiwan
  • 2023 Plaz 5 an der Finall iwwer 3.000 Meter an der Hal op der Europameeschterschaft zu Istanbul an der Tierkei

De Charel Grethen hält véier national Rekorder: an der Hal iwwer 1.500 an 3.000 Meter, dobaussen iwwer 1.500 Meter an iwwer d'Meil.

D'Nei Avenue an der Stad gëtt zur Lafstreck

Nieft der Nouvelle vum Charel Grethen sengem Récktrëtt war et vum CAL SPORA Luxembourg a.s.b.l. (CSL) och d'Annonce vun der LëtzMile - The Luxembourg City Road Mile. De 27. September wäert an aacht verschiddene Kategorien op der neier Avenue an der Stad iwwert eng Meil (1.609 Meter) gelaf ginn. Dat am Kader vum 25. Gebuertsdag vum CSL an et wäert no 27 Joer Liichtathletik gläichzäiteg dem Charel Grethen seng allerlescht Course um héchsten Niveau géint international Konkurrenz sinn.