Eng Woch nom Supercup ass et de Lancement vun der neier Handballsaison 2025/26. RTL geheit e Bléck op den Dammechampionnat.

Virschau op de Championnat am Dammen-Handball / S. Olmo

Et war e batteren Ofschloss fir den HBD vun der leschter Saison. No enger bal perfekter Spillzäit 2024/25 – tëscht Januar 2024 a Mäerz 2025 goung ee wärend 36 Matcher op nationalem Niveau ni als Verléierer vum Terrain– war den Diddelengerinnen den neie Spillmodus am Dammechampionnat – de Meeschter gëtt elo an engem "Best-of-Three"-Modus ausgespillt – zum Verhängnes ginn. An den zwee Finallmatcher ëm den Titel hat den HB Käerjeng jeeweils déi besser Dagesform a konnt sech fir d'35. Kéier zum Lëtzebuerger Champion kréinen. Déi Gréng konnten och de leschte Weekend beim Supercup ënner Beweis stellen, dass dat keng eemoleg Affär war an hunn den HBD nees dominéiert.

Wéi schonn déi zwou lescht Saisone ginn den HB Käerjeng an den HB Diddeleng als grouss Favoritten op de Championstitel an d'Course. Virun allem an der leschter Spillzäit haten och d'Déifferdenger Dammen d'Geleeënheet, fir an d'Finall ze kommen. Si hu sech awer missen an enger dramatescher Halleffinall géint d'Nopere vu Käerjeng geschloe ginn. Nieft Déifferdeng wëll an der neier Saison och den HB Museldall e Wiertchen ëm den Titel matschwätzen. Et annoncéiert sech also e Véierkampf.

Méigleche Véierkampf ëm de Championstitel

Op den Titel an der vergaangener Spillzäit ugeschwat, sot de Käerjenger Trainer Dan Mauruschatt, deen d'Ekipp eréischt am Januar 2025 iwwerholl huet: "Mir waren net drop gefaasst, dass mer iwwerhaapt eng Chance hätten." "Et war onerwaart, mee et huet guttgedoen" an dat villt Schaffe wär belount ginn. Mat Bléck op déi nei Saison muss virun allem d'Tina Welter bei de Käerjengerinnen ersat ginn. Dat hätt ee mat den Neizougäng gutt hikritt an de Kader wär och méi breet opgestallt, huet de Mauruschatt betount. Kuerzfristeg konnt sech den HBK och d'Déngschter vun der Polin Daria Milek sécheren, déi hiert Kënnen am Supercup schonn ënner Beweis gestallt huet. Op d'Preferenz fir en Titel ugeschwat, huet de Käerjenger Trainer d’Championnat genannt. Mee den Doublé géif hien och akzeptéieren.

De Mikel Molitor hat, eegenen Aussoen no, laang mat der Néierlag an der Finall am Mee ze kämpfen. Dat wär awer elo ofgehaakt.  Den HBD-Coach kann an der neier Saison net méi op d’Déngschter vun der Pauline Leythienne a vun der Ninon Bolle zeréckgräifen. Béid hunn de Club verlooss an e grousst Lach hannerlooss. Soss wär d'Konstellatioun an der Ekipp änlech wéi d’lescht Saison, an et kéint een nees op d'Valerie Gomes zeréckgräifen, déi no enger laanger Blessur erëm mattrainéiere géif. Et wär een op all Positioun duebel an dräifach besat, mee "mir kënnen net d’selwecht spille wéi d’lescht Joer", sot de jonken Trainer. Dohier seet hien och ganz kloer, "mir starten net als Favorit an d’Saison" a gesäit d'Favoritteroll éischter op e puer Ekippe verdeelt. Eng Léier hätten hien a seng Dammen aus der leschter Saison och gezunn: "Mam neie Modus hu mir als Ekipp aus der leschter Saison am beschte geléiert a mir wëssen, wéini mir op Héichtoure lafe mussen."

RTL

Huet Diddeleng aus der leschter Saison Léiere gezunn? / © Val Wagner (Archiv)

De Michel Scheuren ass am Réckbléck net onzefridde mat Plaz 3, mee "et wär méi dra gewiescht" a seng Ekipp hätt "definitiv net de Maximum vum Potenzial" gewisen. An der neier Saison kann den Déifferdenger Trainer eigentlech op seng bewäert Spillerinne bauen, just d'Laura Melchior an d'Muriel Biever hunn opgehalen an d'Emeline Hoé ass op Diddeleng gewiesselt. Dat hätt ee mat der Charlène Servant am Gol an zwou Nowuessspillerinne kompenséiert. Och wa vill Spillerinnen an de leschte Joren Erfarung an der Liga gesammelt hätten, géif et nach ëmmer eng jonk Ekipp bleiwen, déi sech nach entwéckele muss. E preziist Zil fir seng Ekipp wollt de Michel Scheuren net nennen, ausser dat Bescht erauszehuelen.

RTL

Wäert Déifferdeng nees virum Museldall landen? / © Val Wagner (Archiv)

Nei am Favorittekrees ass den HB Museldall. De Veräi vu Gréiwemaacher, deen 2017 den Doublé feiere konnt, huet sech fir déi nei Saison mat interessante Spillerinne verstäerkt. D’Presidentin Chantal Gary huet schonn an der leschter Saison gutt Usätz bei hiren Damme gesinn, och wa sech dat net an de Resultater erëmgespigelt huet. Mat den Neizougäng Hoffmann, Thiry a Carrara hätt d’Ekipp elo och e méi gesonde Mix aus jonken an erfuerene Spillerinnen [kuerz virun der Publikatioun vun dësem Artikel huet den HBM mat der Senegaleesin Raïsa Dapina e weideren Neizougang matgedeelt]. Andeems een zwou Jugendspillerinnen an den Dammekader eropgezunn hätt,  wéilt ee sech sengem Wee weider trei bleiwen. D'Gary vertraut dorop, dass den Trainer Jeff Paulus d'Stäerkte vun der Ekipp an all Match ausspille wäert an den HBM a ville Matcher als Gewënner vum Terrain geet. De Museldall selwer zu de Favoritten ziele wëll d'Presidentin awer net.

Den neien Escher Trainer Laurent Melchior wäert et no den Ofgäng vu ville Spillerinne (ë.a. Hoffmann, Thiry, Steichen, Weibel) schwéier kréien, fir eng konkurrenzfäeg Ekipp op den Terrain ze stellen. Beim HC Standard steet mam Henri Mauruschatt en alen Hues un der Säitelinn, mee och d‘Stater wäerten et schwéier kréien, fir mat de véier uewe genannten Ekippe matzehalen.

Esch a Standard wäerten am neie Joer wuel am Playdown untrieden. Do waart mam Chev Dikrech eng Ekipp, déi bennzeg drop ass, den Ofstig aus dem leschte Joer nees réckgängeg ze maachen.

Maacht mat bei eiser Ëmfro

Schwiereg Géigner an der Europacoupe

Mat Käerjeng, Diddeleng an der Déifferdenger Red Boys trieden dräi lëtzebuergesch Ekippen am European Cup un. Dës Matcher ginn de Weekend vum 5. Oktober ausgedroen. Fir d'Käschte vun hiren Heemmatcher géint d'Griichinne vun Anagennisi Artas ze stemmen, hunn d'Käerjenger Dammen eng Crowdfunding-Aktioun an d'Liewe geruff. Den HB Diddeleng spillt seng zwee Matcher zu Malaga, Déifferdeng geet de selwechte Wee an trëtt zwee Mol zu Skopje géint WHC Metalurg un.

Neie Spillmodus 2025/26

Op Propos vum HB Museldall gouf op der FLH-Generalversammlung am Juni 2025 en neie Spillmodus bei den Dammen ugeholl. D'Championnat gëtt an dräi Phasen agedeelt: eng Haaptronn, e Playoff respektiv e Playdown an ofschléissend Véierelsfinall, Halleffinall a Finall.

No der Haaptronn mat 10 Spilldeeg spillen déi véier éischt Ekippen e Playoff an huelen hir Punkten aus der Haaptronn mat. Déi zwou bescht Ekippe sinn direkt fir d‘Halleffinalle qualifizéiert. Déi aner zwee Veräiner spillen eng Véierelsfinall géint déi zwou bescht Ekippen aus dem Playdown. Am Playdown ginn och d’Ofsteiger respektiv d’Opsteiger ermëttelt.

D’Véierelsfinallen, d’Halleffinallen an d’Finall ginn dann am "Best-of-Three"-Modus gespillt. Et ginn och weiderhi Placéierungsmatcher fir d’Plazen 3 bis 6 gespillt, awer just an engem eenzege Match.