Däitschland geet ongeschloen an d'Aachtelsfinall, Tierkei iwwerrascht Serbien

© AFP
Op der Basketball-Europameeschterschaft sinn déi éischt Entscheedunge gefall.
Am Grupp A setzt sech Tierkei e Mëttwoch no enger spannender Schlussphas mat 95:90 géint Serbien duerch a séchert sech domat déi éischte Plaz am Grupp. 28 Punkten, 13 Rebounds an 8 Assists goungen dobäi op de Kont vum Alperen Sengun. Den 23 Joer alen NBA-Star stellt bei der EM ënner Beweis, dass him eng grouss Zukunft bevirsteet. Fir Serbien et dës Defaite den zweete Réckschlag nom Ausfall vum Kapitän Bogan Bogdanovic, allerdéngs bleift d'Ekipp ronderëm de Superstar Nikola Jokić am enke Favorittekrees.
Aktioun géint Rassismus
De Weltmeeschter Däitschland konnt bis elo op ganzer Linn iwwerzeegen. E Mëttwoch konnt sech d'Ekipp ronderëm de Franz Wagner kloer mat 91:61 géint Finnland duerchsetzen a wënnt de Grupp B souverän. An der Aachtelsfinall waart Portugal op eisen Noper.
Leider gouf et op der EM och e Rassismus-Skandal. Den däitschen NBA-Star Dennis Schröder gouf an engem Match vun der Tribün rassistesch beleidegt. Am Match géint Finnland huet d'FIBA mat enger Aktioun géint Rassismus reagéiert. Déi ronn 13.000 Fans krute rout Kaarte mam Slogan "Stop racism".
An de Gruppe C a D steet en Donneschdeg de leschte Spilldag um Programm. Wärend am Grupp C mat Spuenien, Georgien a Bosnien-Herzegowina nach 3 Natiounen ëm 2 Plazen am nächsten Tour kämpfen, stinn déi 4 Aachtelsfinalisten am Grupp D mat Israel, Polen, Frankräich a Slowenien scho fest. De Slowen Luka Doncic ass mat 31,3 Punkten den Topscorer vun der EM, op seng individuell Leeschtunge géint déi richteg staark Géigner wäerten duergoen, bleift ze bezweifelen.
Alles kuckt op Riga
A véier Länner (Zypern, Finnland, Polen a Lettland) gëtt aktuell d'Gruppephas vun der Europameeschterschaft 2025 gespillt. Vun den Aachtelsfinalle u ginn all Matcher zu Riga (Lettland) gespillt, déi grouss Finall steet de 14. September um Programm. D'Lokalekipp konnt bis elo e staarken Turnéier spillen a mécht sech duerchaus Hoffnungen nach op d'mannst een Tour weider ze kommen.
Aachtelsfinalle vum 6. September un
Däitschland - Portugal
Litauen - Lettland
Serbien - Finnland
Tierkei - Schweden
Déi 4 weider Dueller ginn en Donneschdeg entscheet.
