Éischt Pressekonferenz mam neien Nationaltrainer Jeff Strasser. D'FLF-Ekipp an hie sinn héich motivéiert. De Christopher Martins fält blesséiert aus.

Een Dag virum Optakt vun de European Qualifiers fir d'WM 2026 huet den neien Nationaltrainer Jeff Strasser sech de Froe vun der Press gestallt. Eng Première wier ëmmer eppes Extraes, sou den FLF-Coach, mee hien hätt seng Preparatioun am Virfeld vun dëser Partie esou wéi ëmmer gemaach. Fir d'Virbereedung wier zwar net vill Zäit gewiescht, mee d'Tâchë goufen eng no där anerer opgeschafft, sou dass hien hofft, dass d'Selektioun déi Virbereedung gutt op den Terrain wäert kënne bréngen.

Wéi d'Nationalekipp optriede wäert, hänkt och vum Géigner of. Opgrond vun detailléierten Analysen ass eng Taktik entwéckelt ginn, déi zum beschtméigleche Resultat soll féieren. An den Detail vun der Opstellung wollt de Jeff Strasser net goen. Sécher ass just, dass de Christopher Martins wéinst enger Blessur un den Adduktoren ausfale wäert. Ob de Spiller vu Spartak Moskau och e Sonndeg géint d'Slowakei wäert feelen, steet den Ament nach net fest.

Positiv Stëmmung

Vun Ufank u wier an der Virbereedung d'Stëmmung gutt a positiv gewiescht am Grupp, esou de Nationaltrainer weider. Änlech huet sech de Kapitän Laurent Jans geäussert. Jiddereen hätt sech wëlle weisen, fir sech seng Plaz um Terrain ze verdéngen. Fir den Optakt vun dëser Campagne wëllt d'FLF-Formatioun alles maachen, fir vun Ufank un de Publikum matzezéien.

A siwe Partië konnt Lëtzebuerger réischt eng Kéier géint d'Nordire gewannen. De spillstaarke Géigner, deen eng speziell Uluecht huet, ass onbequeem ze spillen, a wann een net direkt vun der éischter Sekonn u prett ass, riskéiert een ënnert d'Rieder ze kommen, sot den FLF-Kapitän weider. Dat wier de Roude Léiwe scho geschitt, an dat wéilten si dës Kéier ganz kloer evitéieren.

De Laurent Jans am RTL-Interview virun der Partie géint Nordirland
Am Virfeld vun der Partie géint Nordirland an der EM-Qualifikatioun.

Keng Tickete méi ze kréien, Partie live op RTL

Um 20.45 Auer wäert de letteschen Arbitter Andris Treimanis d'Partie tëscht de Roude Léiwen an Nordirland am ausverkaafte Stade de Luxembourg upäifen. RTL ass op der Tëlee, am Internet an um Radio live fir Iech dobäi.

Kuckt hei déi komplett Pressekonferenz

Pressekonferenz mam Jeff Strasser virun der Partie géint Nordirland
De Jeff Strasser virun der Partie géint Nordirland