RB Leipzig endlech um Heemwee
No Defaite zu Porto, och nach de Luxair-Co-Pilot krank

© RB Leipzig / Twitter
No der 1:3-Defaite zu Porto an der Champions League, souz d'Equipe vum RB Leipzig nach laang Stonnen um Fluchhafen zu Porto fest.
Wann s de keng Chance hues, da kënnt och nach Pech derbäi, dat huet d'Bild-Zeitung en Donneschdeg de Moien op hirem Internetsite geschriwwen.
Eigentlech war de Vol mat enger Luxair-Maschinn vu Porto op Leipzig fir 11.15 Auer geplangt, ma de Co-Pilot ass krank an en Ersatz huet misse fonnt ginn. Eréischt um 15 Auer en Donneschdegnomëtte goung et fir d'Spiller, d'Sponsoren an d'Frënn vum Veräin nees zeréck an Däitschland.
Am meeschte gelies