E Samschdeg war am nationale Volleyball-Championnat bei den Dammen a bei den Hären den Optakt vum 5. Spilldag.

Hären

D'Häre vun Dikrech hu sech mat 3:0 zu Luerenzweiler behaapt. D'Lokalekipp huet an de Sätz zwar 17, 22 an 21 Punkte gemaach, konnt géint e staarke Géigner awer kee Saz fir sech entscheeden.

An der Tabell bleiwen déi Dikrecher awer weider op der zweeter Plaz, dat well sech och de VC Stroossen mat 3:0 géint den Escher VBC duerchgesat huet an domat an dëser Saison weider ongeschloe bleift. Wärend déi Escher an deenen éischten zwee Sätz mat 18 an 20 Punkten ee Wuert matschwätze konnten, war spéitstens am drëtte Saz mat 8 Punkten näischt géint staark Stroossener entgéintzewierken.

Dammen

Bei den Dammen huet sech de VC Stengefort eng 3:0-Victoire (25:16, 25:19, 25:7) géint den Tabelleleschte VB Iechternach geséchert an de VC Mamer bleift no engem 3:1-Succès (25:16, 22:25, 25:21, 25:20) géint den Escher VBC weider ouni Punkteverloscht an dëser Saison.

E Sonndeg spillt nach Fenteng géint Bartreng an den Gym Volley géint Walfer.