Damme vum HB Diddeleng an HB Museldall erleedegen hir Aufgaben
© AFP
E Samschdeg war am nationalen Handballchampionnat bei den Dammen a bei den Hären den Optakt vum 7. Spilldag.
Axa League Hären
Bei den Häre goufen dëse Weekend nëmmen zwee Matcher vum 7. Spilldag gespillt, dat wéinst de 1/16-Finallen am European Cup, wou den HC Bierchem sech knapp misst geschloe ginn an Déifferdeng sou wéi Diddeleng e Sonndeg gefuerdert sinn.
Am nationale Championnat huet sech also den HB Esch mat 36:30 zu Rëmeleng duerchgesat a fir den HC Standard gouf et eng 27:19-Victoire géint den CHEV Dikrech.
Axa League Dammen
Bei den Dammen konnte sech e Samschdeg jeeweils d'Favoritten duerchsetzen. Fir den HB Diddeleng gouf et eng 36:16-Victoire géint den HC Standard a bleift domat virleefeg Tabelleleader. Och den HB Museldall huet seng Aufgab erfëllt a sech mat 33:21 beim HB Esch duerchgesat. Si bleiwen domat punktgläich mam Leader Diddeleng un der Spëtzt, hunn awer nach ee Match nozespillen.