Um Samschdeg war an der Enovos League bei den Hären den Optakt vum 9. Spilldag.

Hären

D'Sparta Bartreng bleift weider ongeschloen un der Tabellespëtzt. Duerch eng staark Ufanksphas konnt sech d'Lokalekipp fréi am Match e Virsprong erkämpfen a louch nom éischte Véierel 31:20 vir. Dësem Réckstand ass Steesel de ganze Match hannendru gelaf a konnt net méi fir Spannung suergen. Bartreng huet de Match geréiert a gewënnt um Enn mat 89:83. De Jarvis Williams (31 Punkten) an de Max Logelin (21) ware bei der Sparta d'Haaptspiller am Ugrëff.

D'Arantia Fiels wënnt mat 93:79 géint den T71 Diddeleng, béid Ekippe ware virum Spilldag punktgläich. De Michael Anthony Carter an de Kevon Godwin hu jeeweils 24 Punkte markéiert, d'Lokalekipp louch schonn an der Paus 52:36 a Féierung.

Den AB Conter setzt sech mat 81:78 géint d'Musel Pikes duerch a feiert domat déi éischt Victoire dës Saison. Bei der Lokalekipp stoung mam Landon Lowder en neie Profispiller am Kader, hie koum op 15 Punkte bei sengem Debut.