Lëtzebuerger Damme mat knapper Néierlag géint Israel
© FIBA
Um Samschdeg huet d'Dammennationalekipp den zweete Match vun der EM-Qualifikatioun 2027 gespillt.
Auswäerts hunn d'Rout Léiwinne knapp mat 65:77 géint Israel verluer. De Match gouf zu Riga (Lettland) gespillt.
Lëtzebuerg ass gutt an d'Partie gestart a louch ënnert dem Impuls vum Isi Etute nom éischte Véierel 21:19 a Féierung. Am zweete Véierel huet Israel gutt getraff a konnt doduerch mat engem 43:35-Virsprong an d'Paus goen.
D'FLBB-Selektioun huet sech an der zweeter Hallschecht staark an de Match zeréckgekämpft an et huet sech en enke Match op Aenhéicht entwéckelt. Duerch en Dräier vum Anne Simon konnt Lëtzebuerg ronn 8 Minutte viru Schluss d'Féierung iwwerhuelen (61:60). An enger enker Schlussphas konnt sech Israel um Enn behaapten an eng insgesamt staark Leeschtung vun der FLBB Selektioun gouf net mat enger Victoire belount. D'Endresultat ass um Enn méi däitlech ausgefall wéi de Spillverlaf am leschte Véierel war.
Offensiv konnten d'Anne Simon mat 18 Punkten an d'Isi Etute mat 16 Punkte bei Lëtzebuerg iwwerzeegen.
No der iwwerzeegender 69:53-Victoire zum Optakt vun der Qualifikatioun géint Irland huet Lëtzebuerg am Grupp A eng Victoire an eng Néierlag um Kont, en Dënschdeg den Owend um 19.00 Auer steet an der Coque um Kierchbierg géint Bosnien-Herzegowina den éischten Heemmatch fir d'FLBB-Selektioun um Programm.
Tabell am Grupp A
Israel 2 Matcher / 4 Punkten
Lëtzebuerg 2/3
Bosnien-Herzegowina 2/2
Irland 2/3
© FIBA