Loosst de Match vun e Freideg nach eemol Revue passéieren
Am Kader vum 9. Spilldag an der WM-Quali 2026 ass et fir d'Rout Léiwen e Freideg doheem géint eis favoriséiert Noperen aus Däitschland gaangen.
0:2 stoung et no 90 Minutten am Stade de Luxembourg fir d'Gäscht aus Däitschland. Trotz der Defaite war et de Roude Léiwe gelongen, ee komplett anert Gesiicht wéi nach viru ronn engem Mount zu Sinsheim ze weisen. Vun Ufank u gouf héich gepresst an d'Géigespiller intensiv ënner Drock gesat. Doduerch ass et ënner anerem am Numm vum Aiman Dardari an Danel Sinani zu richteg gudde Chancen op d'Féierung ginn. Mat engem glécklechen 0:0 aus däitscher Siicht war et dann an d'Paus gaangen.
Datt ee bei engem héijen an intensive Pressing Käre léisst, huet een dann am zweeten Duerchgang gesinn. Trotz den zwee Goler vum Nick Woltemade huet Lëtzebuerg weider e groussen Effort gemaach, ma dat néidegt Gléck fir en eegene Gol sollt um Enn einfach feelen.
Liest hei nach eemol de komplette Resumé vum Match vun e Freideg.