De Finn Kemp huet bei den internationale brittesche Meeschterschaften zu Sheffield en neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 100 Meter Brasse opgestallt.

Am 25-Meter-Baseng ass de Chrono vum 20 Joer ale Schwëmmer e Samschdeg bei 58 Sekonnen a 76 Honnertstel stoe bliwwen. De Kemp ass domat deen éischte Lëtzebuerger, deen d'100 Meter Brasse ënner 59 Sekonne geschwommen ass an huet den ale Rekord vum Joao Carneiro ëm 71 Honnertstel verbessert.