E Samschdeg ass et an der Qualifikatioun fir d'WM 2026 mam zweetleschte Spilldag weidergaangen.

Am Grupp J huet sech d'Belsch d'Chance entgoe gelooss, sech virzäiteg déi éischt Plaz an domat de WM-Ticket ze sécheren. Zu Astana ass een no engem fréie Réckstand géint de Kasachstan net iwwert en 1:1 eraus komm. Um leschte Spilldag kann d'Belsch dann awer virun den eegene Spectateure géint Liechtenstein alles kloer maachen. Fir Wales gouf et dann a Liechtenstein ee knappen 1:0-Succès. Am Grupp J hu si, genee wéi Nordmazedonien, e Réckstand vun zwee Punkten op d'Belsch an domat op d'mannst nach eng theoretesch Chance op déi 1. Plaz.

Am Grupp E steet Spuenien der Participatioun un der Endronn no engem 4:0-Succès a Georgien quasi näischt méi am Wee. D'Tierkei, déi sech mat 2:0 géint Bulgarien duerchsetze konnt, misst um leschte Spilldag am direkten Duell nämlech nach eng Differenz vu 14 Goler guttmaachen, fir sech nach déi éischt Plaz kropen ze kënnen.

Och quasi sécher bei der WM dobäi sinn d'Schwäizer, déi sech am Grupp B mat enger klorer 4:1-Victoire géint Schweden duerchgesat hunn. Hannendrun huet Kosovo déi zweet Plaz mat engem 2:0-Succès a Slowenien sécher, kéint déi éischt Plaz awer just mat enger immens héijer Victoire am direkten Duell der Schwäiz nach forthuelen.

Am Grupp H huet Éisträich mat enger 2:0-Victoire op Zypern ee wichtege Schrëtt a Richtung WM-Qualifikatioun gemaach. Well Bosnien sech awer mat 3:1 géint Rumänien duerchsetze konnt, kënnt et um leschte Spilldag zum Showdown. Am direkten Duell hunn d'Bosnier d'Chance, mat enger Victoire géint Éisträich den Ticket fir d'WM ze buchen. Fir d'Éisträicher géif e Gläichspill duergoen.

Spannend bleift et um leschte Spilldag och nach am Grupp C, wou Dänemark no engem 2:2-Remis géint Belarus mat 11 Punkte Leader ass. Schottland konnt vum Punkteverloscht vun den Dänen net profitéieren a steet duerch eng 2:3-Defaite géint Griicheland mat 10 Punkten op der zweeter Plaz. Och hei entscheet sech alles an engem decisive leschten direkten Duell tëscht Schottland an Dänemark en Dënschdeg.

E Freideg huet sech Lëtzebuerg mat enger gudder Leeschtung misse géint Däitschland geschloe ginn. De WM-Ticket léise konnt Kroatien an en Donneschdeg och Frankräich.

Grupp B

Schwäiz - Schweden 4:1
1:0 Embolo (12'), 1:1 Nygren (33'), 2:1 Xhaka (60'), 3:1 Ndoye (75'), 4:1 Manzambi (90+4')

Slowenien - Kosovo 0:1
0:1 Asllani (6'), 0:2 Karnicnik (64')

Grupp C

Dänemark - Belarus 2:2
1:0 Damsgaard (11'), 1:1 Gromyko (62'), 1:2 Demchenko (65'), 2:2 Isaksen (79')

Griicheland - Schottland 3:2
1:0 Bakasetas (7'), 2:0 Karetsas (57'), 3:0 Tzolis (63'), 3:1 Gannon-Doak (65'), 3:2 Christie (70')

Grupp E

Georgien - Spuenien 0:4
0:1 Oyarzabal (11'), 0:2 Zubimendi (22'), 0:3 Ferran Torres (34'), 0:4 Oyarzabal (63')

Tierkei - Bulgarien 2:0
1:0 Calhanoglu (18'), 2:0 Chernev (83')

Grupp H

Zypern - Éisträich 0:2
0:1 Arnautovic (18'), 0:2 Arnautovic (55')

Bosnien - Rumänien 3:1
0:1 Birligea (17'), 1:1 Dzeko (49'), 2:1 Bajraktarevic (79'), 3:1 Tabakovic (90+3')

Grupp J

Kasachstan - Belsch 1:1
1:0 Satpaev (9'), 1:1 Vanaken (48')

Liechtenstein - Wales 0:1
0:1 James (61')

All d'Resultater an d'Tabellen