Bierchem verléiert den Allersmatch géint Brno knapp
© AFP
E Samschdeg war mat Bierchem déi éischt vun dräi Lëtzebuerger Ekippen an der 1/16-Finall vum European Cup am Asaz.
Den HC Bierchem huet den Allersmatch vun den 1/16-Finalle géint Brno aus Tschechien mat 25:27 verluer. An engem enke Match hu sech béid Ekippe vun Ufank un näischt geschenkt, sou datt et mat enger Féierung vun nëmmen engem Gol fir d'Lokalekipp aus Tschechien an d'Paus gaangen ass. Och an der zweeter Hallschent vum Match hat Brno nees liicht d'Nues vir. Fir de Retourmatch, deen den 22. November um 18.00 Auer gespillt gëtt, ass fir d'Ekipp aus dem Réiserbann awer nach alles méiglech.
E Sonndeg spillt Déifferdeng um 15.00 Auer géint Nilüfer Bld. aus der Tierkei an um 18.00 Auer kritt et den HB Diddeleng mam HC Izvidach aus Bosnien ze dinn.
Et ass déi éischt Kéier zënter der Saison 2017/18, dass dräi lëtzebuergesch Ekippen an den 1/16-Finalle vum European Cup stinn – deemools war et wuel och déi drëtt Ronn, mee et war eréischt den zweeten ausgespillten Tour, well déi éischt Kompetitiounsphas wéinst Manktem u Veräiner net ausgedroe gi war.