Jeff Strasser nees doheem, Ënnersichung huet näischt erginn
De Lëtzebuerger Trainer vu Kaiserslautern hat e Mëttwoch den Owend, während der Paus an der Partie géint Darmstadt, iwwer e Stiechen an der Broscht geklot.
D'Nouvelle, dass de Jeff Strasser an der Paus vum Match tëscht Darmstadt a Kaiserslautern ee Malaise hat, huet d'Sportswelt geschockt. Déi gutt Nouvelle ass awer déi, dass et keen Häerzinfarkt war.
Dat krut RTL en Donneschdeg de Moien aus sengem Entourage confirméiert an dat steet elo och offiziell um Internetsite vum FC Kaiserslautern.
De Jeff Strasser war schonns e Mëttwoch den Owend vun Darmstadt zeréck op Kaiserslautern gefuer an huet do geschlof. En Donneschdeg war de Lëtzebuerger Trainer dunn zu Kaiserslautern an d'Spidol, fir weider Ënnersichungen duerchzeféieren. Hei goufe keng Anomalië festgestallt. Ob hien awer e Samschden um Betzenberg géint Düsseldorf nees op der Trainerbänk sëtzt, ass nach net gewosst.
Um Internet-Site vum Club steet, dass de Co-Trainer Alexander Bugera elo emol den Training iwwerhëlt.
Et war kuerz virun 20 Auer e Mëttwoch den Owend wou de Jeff Strasser mat der Ambulanz aus dem Stadion an eng Klinik zu Darmstadt transportéiert gouf. Während der éischter Halschent hat hien iwwert ee Stiechen an der Broscht geklot. Während der Paus gouf hie schonns am Stadion medezinesch versuergt, fir dunn an der Klinik intensiv ënnersicht ze ginn. De Jeff Strasser war permanent uspriechbar.
E Porte Parole vum 1. FC Kaiserslautern hat e Mëttwoch den Owend schonns liicht Entwarnung ginn a matgedeelt, dass den Trainer net a Liewensgefor wier.
Während driwwer diskutéiert gouf op de Match ënnerbrach respektiv ofgebrach sollt ginn, war d'Solidaritéit am Stadion grouss.
D'Fans vun den zwou Equippen hunn zesummen "You'll never walk alone" gesongen. Nodeems decidéiert gouf, dass de Match ofgebrach géif ginn, si béid Equippen zeréck op den Terrain komm, fir de Supportere Merci ze soe fir hir Reaktioun.
De Match Darmstadt-Kaiserslautern gouf wéi gesot e Mëttwoch den Owend fir d'éischt ofgebrach an dunn ofgesot. Wéini de Match nogespillt gëtt, ass nach net gewosst.
Reaktiounen
Den Trainer vun Schalke 04, Domenico Tedesco huet um Donneschdeg op der Pressekonferenz vu sengem Club virum Match zu Stuttgart, als éischt Wierder dem Jeff Strasser eng gutt Besserung gewënscht. Déi 2 haten den Trainerschäin an Däitschland zesumme gemaach. Och de Bernd Hollerbach, den neien HSV-Trainer ,huet dem Lëtzebuerger op senger éischter Pressekonferenz fir de Veräin eng gutt Besserung gewënscht.
Virdrun hate schonn d'Bayern, de BVB, Gladbach, Bielefeld, de Mats Hummels, Michael Ballack an anerer op Twitter un de Jeff Strasser geduecht.