Eagles suerge fir zweet Defaite vun den Chiefs

© Photo by JAMIE SQUIRE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De Weekend gouf an den USA d'Week 2 vun der Regular Season gespillt. Dobäi hu sech ënner anerem d'Chiefs an och d'Dolphins op en Neits misse geschloe ginn.
An der Week 2 vun der Regular Season stoung mam Duell tëscht den zwee Championen aus de leschten zwee Joer an der Neioplag vum leschte Super Bowl direkt e spannend Openeentreffen um Programm, bei deem sech d'Philadelphia Eagles um Enn mat 20:17 géint d'Kansas City Chiefs duerchsetze konnten. D'Eagles haten de bessere Start erwëscht a sou war nach virum Enn vum éischte Véierel am Numm vum Saquon Barkley en éischten Touchdown gelongen. Den uschléissenden Extra Point huet fir eng 7:0-Féierung fir d'Eagels gesuergt, op déi d'Chiefs am zweete Véierel direkt eng Äntwert weise konnten. Duerch e Field Goal an en Touchdown war de Spillstand ze Gonschte vu KC nees gedréint. E weidere Field Goal vun den Eagles huet dann awer nees op 10:10 egaliséiert. No engem serréierten drëtte Véierel, an deem nëmmen den Eagles weider dräi Punkte gelonge waren, war fir de leschte Véierel nach alles méiglech. Den Jalen Hurts huet da mat engem Touchdown virgeluecht an op 20:10 gestallt. Zwar konnten d'Chiefs mat engem Touchdown vum Patrick Mahomes nach eemol op dräi Punkten erukommen, ma um Enn sollt et net méi duergoen, déi zweet Defaite am zweete Match vun der Saison ze verhënneren.
Déi zweet Defaite hannertenee gouf et dann och fir d'Miami Dolphins, déi mat 27:33 géint d'Patriots de Kierzere gezunn hunn. D'Ekipp vu Miami hat ufanks net an de Match fonnt a louch nom éischte Véierel no zwee géignereschen Touchdowne jeeweils vum Drake Maye scho mat 0:12 hannen. Dat hu sech d'Dolphins awer net gefale gelooss a sou konnte si am zweete Véierel op 14:15 verkierzen. Wärend de Patriots nëmmen ee Field Goal vun dräi Punkte gelonge war, hunn zwee Touchdowne vum Tua Tagovailoa de Match nees spannend gemaach. Miami huet de Momentum matgeholl a krut sech duerch zwee Field Goals am drëtte Véierel souguer mat fënnef Punkten a Féierung bruecht. No engem weideren Touchdown op jeeweils béide Säite war de Match och nach am véierte Véierel net entscheet. Déi besser Schlussphas sollt dann awer de Patriots gehéieren. Mat engem Kickoff-return Touchdown iwwer 90 Yards huet den Antonio Gibson seng Ekipp spektakulär a Féierung bruecht. No engem weidere Field Goal fir dräi Punkte war dann definitiv den Deckel drop.
Eng batter Defaite gouf et de Weekend dann nach fir d'Browns, déi sech mat 17:41 géint d'Ravens hu misse geschloe ginn an och d'Bears si bei enger 21:52-Néierlag géint d'Lions ferm ënner d'Rieder geroden.
D'Resultater am Iwwerbléck
Commanders - Packers 18:27
Browns - Ravens 17:41
Jaguars - Bengals 27:31
Giants - Cowboys 37:40
Bears - Lions 21:52
Patriots - Dolphins 33:27
49ers - Saints 26:21
Bills - Jets 30:10
Seahawks - Steelers 31:17
Rams - Titans 33:19
Panthers - Cardinals 22:27
Broncos - Colts 28:29
Eagles - Chiefs 20:17
Falcons - Vikings 22:6
Buccaneers - Texans 20:19
Chargers - Raiders 20:9