Nom Erik ten Hag bei Bayer Leverkusen huet et elo deen nächsten Trainer an der 1. Bundesliga erwëscht.

Borussia Mönchengladbach huet op déi 0:4-Defaite géint Werder Bremen vun e Sonndeg reagéiert a sech een Dag méi spéit vum Cheftrainer Gerardo Seoane getrennt. De Veräin, bei deem ënner anerem de Lëtzebuerger Golkipp Tiago Pereira Cardoso ënner Kontrakt steet, huet dat e Méindeg no enger Krisesëtzung vun e puer Stonne confirméiert.

D'Fohlen si mat engem Remis an zwou Defaiten an déi nei Bundesliga-Saison gestart a sti mat engem Punkt op der 16. Plaz an der Tabell. Déi lescht Victoire ënnert dem 46 Joer ale schwäizereschen Trainer ass saisoniwwergräifend souguer schonn zéng Matcher hir. De Gerardo Seoane war zanter der Saison 23/24 Trainer vu Mönchengladbach.

Wien d'Successioun vum Trainerstull um Niederrhein iwwerhëlt, ass aktuell nach net gewosst. Den U-23 Trainer vun der Borussia, den Eugen Polanski, mécht an der Tëschenzäit den Interim.