En Dënschdeg gouf den Optakt vun der neier Champions-League-Saison gespillt. Dobäi koum et mam Match Juventus géint Dortmund schonns zu engem Top-Match.

D'Spectateuren, déi no enger langweileger an onintressanter éischter Hallschent an dësem Top-Match tëscht der Juventus an Dortmund ëmgeschalt hunn, goufen an der zweeter Hallschent vu béiden Ekippen dofir bestrooft. No enger monterer zweeter Hallschent, an där am Ganzen aacht Goler fale sollten, gëtt et um Enn kee Gewënner. Béid Ekippe trenne sech no enger geckeger zweeter Hallschent mat engem Gläichspill. No 90 Minutte steet tëscht der Juve an dem BVB e 4:4-Remis um Bou vum Match.

Donieft konnt sech d'Union Saint-Gilloise no enger staarker Leeschtung auswäerts mat 3:1 beim PSV Eindhoven behaapten. Eng weider Auswäerts-Victoire gouf et fir d'Gunners vun Arsenal. No engem intensive Match gewannen d'Englänner 2:0 géint Athletic Bilbao a starten domadder mat 3 Punkten an dës Champions-League-Campagne. De Real vu Madrid gewënnt iwwerdeems duerch zwee Eelefmetergoler 2:1 géint Marseille an Tottenham klappt Villareal 1:0 duerch en Eegegol vum Golkipp vun de Spuenier.

Fir eng Iwwerraschung huet Qarabag Agdam gesuergt. De Veräin aus dem Aserbaidschan ka sech 3:2 géint Benfica Lissabon duerchsetzen, déi sech domadder géint de krassen Aussesäiter geschloe musse ginn. De Leandro Barreiro gouf op Säite vu Lissabon an der 79. Minutt agewiesselt.

Juventus Turin - Borussia Dortmund 4:4
0:1 Adeyemi (52'), 1:1 Yildiz (64'), 1:2 Nmecha (65'), 2:2 Vlahovic (67'), 2:3 Yan Couto (74'), 2:4 Bensebaini (86', Eelefmeter), 3:4 Vlahovic (90'+4), 4:4 Kelly (90'+6)

D'Goler vum Match tëscht der Juve an dem BVB
Am Ganze sollten d'Spectateuren den Owend aacht Goler ze gesi kréien an dës alleguer an den zweete 45 Minutten

D'Spectateure kruten zu Turin e Match op iwwerschaubarem Niveau ze gesinn. Béid Formatiounen hunn an den éischte 45 Minutten net all ze vill riskéiert, soudatt geféierlech Golchancen éischter seelen ze gesi waren. Gréisstendeels haten déi Dortmunder de Ball, déi domadder awer wéineg unzefänke wossten. Déi al Damm vun Turin huet sech dogéint op d'Defense konzentréiert an huet heiansdo probéiert, iwwer séier Virstéiss, nodeems se de Ball gewonnen hunn, fir Gefor ze suergen. Dëst sollt hinnen och heiansdo geléngen, ewéi beispillsweis an der 4. Minutt. Do hat sech den Thuram en Häerz gefaasst an huet aus der Distanz ofgezunn. De Kobel am Dortmunder Gol konnt den ofgefälschte Ball awer mat enger schéiner Flugeinlag an de Corner deviéieren. No enger laanger Phas, an där näischt virun de Goler geschitt ass, wollt de Bremer déi Dortmunder du mat engem Schoss aus der drëtter Rei iwwerraschen, mä de sate Volley vum Brasilianer sollt um Enn nieft dem Gol aschloen. Eng eenzeg weider Chance gouf et an den éischte 45 Minutten ze gesinn an dës ass op de Kont vum David gaangen, deen zënter dëser Saison fir d'Juve spillt. De jonke Kanadier ass no engem Solo vum Yildiz gutt an Zeen gesat ginn, allerdéngs sollt och den David de Gol du mat sengem Schoss verfeelen, soudatt de Kobel net huet missen agräifen. Op Dortmunder Säite waren dogéint an der éischter Hallschent keng Golchancen ze vermellen. Deemno ass et mat engem 0:0 an d'Kabinne gaangen, an engem Match, an deem fir béid Ekippen nach däitlech Loft no uewe war.

An der zweeter Hallschent huet een dunn en anere BVB gesinn, ewéi nach an der éischter Hallschent. Esou sinn déi Däitsch direkt zu Golaktioune komm. An der 51. Minutt gouf de Beier mat engem laange Ball ugespillt. Dobäi huet dëse probéiert, fir de Ball laanscht den Di Gregorio, dee sech beim Ball e bësse verschat huet, ze bugséieren. Allerdéngs huet den däitschen Nationalspiller aus ganz spatzem Wénkel just de Potto treffe kënnen. Eng Minutt drop louch de Ball dunn awer am Filet vun Turin. Et war den Adeyemi, deen de Score op 1:0 setze konnt. No engem séiere Virstouss konnt de Guirassy den Adeyemi op der Héicht vum 16-Meter uspillen, dee sech mat engem séiere Geste Plaz verschaaft huet an de Ball humorlos ënne riets am Eck ënnerbrénge konnt. Doropshi war de Match voll lancéiert a souwuel d'Juve ewéi och de BVB sinn zu Golchancë komm. Mä den nächste Gol sollt op Säite vun der aler Damm falen. Et war de Yildiz, dee sech baussent dem Strofraum getraut huet, fir ofzezéien. Dobäi huet den Däitschtierk de Ball mat engem schéine Schlenzer an de Gol gezierkelt an de Score domadder egaliséiert. Mä nëmmen eng Minutt drop louch Dortmund nees a Féierung. Den Nmecha konnt mat sengem Rietsschoss nees d'Avance vun engem Gol hierstellen. Mä de Match sollt sech no dësen zwee Goler net berouegen. Well schonns an der 67. Minutt war de Match nees rëm vëlleg oppen. De Vlahovic gouf vum Yildiz an d'Lach geschéckt an ass virum Kobel am Dormtunder Gol äiskal bliwwen a konnt op en Neits zum Ausgläich markéieren. Mä déi Dortmunder haten dorobber nees déi passend Äntwert parat. No engem Ballverloscht vum Thuram ass et op Dortmunder Säit ganz séier gaangen: De Sabitzer leet op de fir de Yan Couto, deen aus hallefrietser Positioun ofzitt an dat ronnt Lieder mat engem Flachschoss am Eck ënnerbréngt. An der 86. Minutt sollt de Bensebaini dunn den Deckel op de Match maachen, nodeems den Algerier en Eelefmeter no engem Handspill vum Kelly verwandele konnt. Dëst huet een op d'mannst gemengt. Mä d'Juve konnt duerch de Vlahovic an der Nospillzäit vun der zweeter Hallschent nach eng Kéier verkierzen. A wou de Match scho bal eriwwer war, ass dem Kelly esouguer nach den Ausgläich no enger Flank mam Kapp gelongen.

Um Enn trenne sech béid Formatiounen, no enger ganz schwaacher éischter an no enger geckeger zweeter Hallschent mat am Ganzen aacht Goler, mat engem 4:4-Gläichspill. E Match, dee wuel an d'Geschichtsbicher agoe wäert.

PSV Eindhoven - Union Saint-Gilloise 1:3
0:1 David (9', Eelefmeter), 0:2 Ait El Hadj (39'), 0:3 Mac Allister (81'), 1:3 Van Bommel (90')

Athletic Bilbao - FC Arsenal 0:2
0:1 Gabriel Martinelli (72'), 0:2 Trossard (87')

D'Resuméë vun de Matcher Eindhoven géint Saint-Gilloise a Bilbao géint Arsenal
Arsenal ka sech 2:0 a Spuenie behaapten an de belsche Meeschter léisst dem PSV Eindhoven bei der 3:2-Victoire keng Chance

Benfica Lissabon - Qarabag Agdam 2:3
1:0 Barrenechea (6'), 2:0 Pavlidis (16'), 2:1 Andrade (30'), 2:2 Duran (48'), 2:3 Kashchuk (86')

Tottenham Hotspurs - FC Villarreal 1:0
1:0 Luiz Junior (4', Eegegol)

D'Resuméë vun de Matcher Lissabon géint Qarabağ an Tottenham géint Villareal
Qarabağ Ağdam geléngt d'Iwwerraschung géint Benfica Lissabon an Tottenham Hotspurs gewannen duerch en Eegegol

Real Madrid - Olympique Marseille 2:1
0:1 Weah (22'), 1:1 Mbappé (29', Eelefmeter), 2:1 Mbappé (81', Eelefmeter)

De Resumé vum Match Real Madrid géint Olympique Marseille
Um Enn kënne sech déi Kinneklech duerch zwee verwandelt Eelefmetere géint Marseille duerchsetzen

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.