D'Goldmedail ass no engem enke Schlusssprint un den Neiséilänner Geordie Beams gaangen.

Op der Liichtathletik-WM zu Tokio ass de Ruben Querinjean e Méindeg an der Finall iwwer 3.000 Meter Steeple mat engem Chrono vun 8:37.49 Minutten op déi 10. Plaz gelaf. Gold war no 8:33.88 Minutte fir den Geordie Beamish aus Neiséiland, virum Marokkaner Soufiane El Bakkali (8:33.95) an dem Kenianer Edmund Serem (8:34.56).

Nom Depart um 14.55 Auer war de Grupp fir déi éischt Hallschent vun der Course beieneen bliwwen, mam Lëtzebuerger Liichtathleet an der Mëtt. Un der Spëtzt hunn den Däitsche Frederik Ruppert an den Edmund Seem aus dem Kenia gréisstendeels den Tempo uginn. Déi lescht 1.000 Meter gouf dann nach eemol richteg ugezunn an de Ruben Querinjean krut sech méi oder manner an der Mëtt vum Feld gehalen. Um Enn stoung domat déi 10. Plaz. Un der Spëtzt konnt sech no engem enke Schlusssprint den Neiséilänner Geordie Beamish de WM-Titel huelen, dat immens knapp virum Soufiane El Bakkali. De Kenianer Edmund Serem huet sech dann nach déi drëtt Podiumsplaz geséchert.

An der Nuecht op e Samschdeg hat hie sech am leschte Virlaf eng Plaz ënnert deene Beschte 16 geséchert.