Angelique Kerber an Eugenie Bouchard fir déi éischte Kéier mat dobäi
Donieft kommen awer och nees d'Kim Clijsters, d'Anett Kontaveit an d'Kirsten Flipkens Ufanks Oktober an d'Coque.
Vum 7. bis den 12. Oktober steet an der Coque erëm den Luxembourg Tennis Masters um Programm. Et ass net einfach, all Joers nees e Plateau ze zerwéieren, deen net nëmme vum héchsten Niveau, mee och nach voll mat Iwwerraschungen ass.
D'"International Womens Tennis Promotion" IWTP huet sech fir déi 4. Editioun erëm selwer iwwertraff. 8 Spillerinnen aus dem Top 16, dovunner 4 aus den Top 5 an nieft dem Kim Clijsters nach eng fréier Nummer 1 an dräimoleg Grand-Slam-Gewënnerin d'Angelique Kerber. Déi 37 Joer al däitsch Spillerin huet hiert zweet Kand op d'Welt bruecht a mécht zu Lëtzebuerg domadder e Mini Comeback, esou d'Directrice vum Tournoi Dan Maas.
Interessant ass och d'Participatioun vum Eugenie Bouchard, fréier Nummer 5 vun der Welt. Déi 31 Joer al Kanadierin huet Ufanks dës Joers opgehalen, huet awer tëschenduerch am Pickleball um professionellen Niveau evoluéiert.
"Domadder hu mir e staarken Tournoi. Spilleresch, awer och wat den Interessi un de Spillerinne ugeet", esou d'Dan Maas, Zum Kaderprogramm gehéieren nach eng Table Ronde, e "Meet and Greet" an ee Show-Dubbel mam Daniela Hantuchova, Mandy Minella, Gilles Kremer a Gilles Muller.
A da bleift och nach beim Walking Dinner d'Iwwerreechung vum "Jana Novotna Award". An dee geet un de Grand-Duc Henri.
D'Gewënnerinnen vun den dräi éischten Editiounen, Kim Clijsters, Anett Kontaveit a Kirsten Flipkins sinn Ufanks Oktober an der Coque dobäi. RTL iwwerdréit d'Partien. Prominent Gesiichter wéi de Jannik Sinner, de Lothar Matthäus an d'Frauke Ludowig hunn an engem Video de Luxembourg Ladies Tennis Masters bonne Chance gewënscht.