Armand Duplantis feiert WM-Titel mat neiem Weltrekord am Stafhéichsprong

© Photo by ANDREJ ISAKOVIC / AFP
Et ass déi 14. Kéier, datt de Schweed en neie Weltrekord opstellt.
Bei der Liichtathletik-WM zu Tokio huet den Armand Duplantis e Méindeg WM-Gold mat engem neie Weltrekord gewonnen. Dem schweedesche Stafhéichsprénger konnt op en Neits kee vun der Konkurrenz d'Waasser reechen. Mat enger Héicht vu 6,30 Meter huet hien am drëtte Versuch säin eegene Weltrekord ëm een Zentimeter verbessert a sech um Enn virum Griich Emmanouil Karalis (6.00m) an dem Australier Kurtis Marschall (5.95 Meter) duerchgesat.
Et ass net déi éischte Kéier, datt den Armand Duplantis säin eegene Weltrekord ëm nëmmen een Zentimeter klappt. Firwat de Schweed dat sou mécht, hänkt mam Präisgeld zesummen. Fir all nei opgestallte Weltrekord ginn et nämlech vum Liichtathletik-Weltverband ronn 100.000 Euro fir hien. Net all ze laang kéint et also daueren, bis den Armand Duplantis déi nächst spektakulär Beschtleeschtung opstellt.
Parallel zu der Finall am Stafhéichsprong war och d'Finall iwwer 3.000m Steeple, wou et fir de Ruben Querinjean déi 10. Plaz ginn ass.