Déi 1. Etapp vum Skoda Tour de Luxembourg e Mëttwoch vu 16.00 Auer u live
De Skoda TdL live vun e Mëttwoch 17. bis e Sonndeg 21. September um 1. RTL. Op RTL.lu, RTL Play an op der App gëtt d'Course och am Livestream iwwerdroen.
Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg gëtt hei am Land déi 85. Editioun vum Škoda Tour de Luxembourg gefuer. Fënnef Etappe mat am Ganze 695 Kilometer waarden op d'Coureuren.
20 Ekippe mat am Ganzen 120 Coureure ginn un den Depart.
Nieft de villen internationale Stare si bei der 85. Editioun och zéng Lëtzebuerger um Depart.
Ugefaange mam Michel Ries (Arkéa - B&B Hotels), mat dobäi ass och de Mats Wenzel (Equipo Kern Pharma), de Lëtzebuerger Champion Arthur Kluckers (Tudor Pro Cycling Team), de Loïc Bettendorff (Hrinkow Advarics) a mam Trikot vun der Lëtzebuerger Nationalekipp starten de Mats Berns, den Alexandre Kess, de Mathieu Kockelmann, de Mil Morang, den Noé Ury an den Arno Wallenborn.
Bis e Sonndeg kënnt Dir de Skoda Tour de Luxembourg live op der Tëlee, um RTL Play an op RTL.lu live suivéieren. Och um Radio ass RTL live fir Iech mat dobäi.
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen
Déi ganz Etappe fannt Dir am Replay um RTL Play.
Skoda TdL: Déi komplett Startlëscht
LINK: Klickt Iech duerch d'Fotogalerië vun de leschten Editioune vum Skoda Tour de Luxembourg
Skoda Tour de Luxembourg: Programm vum Livestream
Mëttwoch, 17. September 2025: 16.00 – 18.00 Auer
1.Etapp: Lëtzebuerg, Knuedler - Lëtzebuerg, Fëschmaart 152,8 km
Donneschdeg, 18. September 2025: 15.00 – 17.00 Auer
2.Etapp: Réimech - Mamer 168,4 km
Freideg, 19. September 2025: 15.00 – 17.00 Auer
3.Etapp: Mäertert - Véianen 170,5 km
Samschdeg, den 20. September 2025: 16.00 – 18.00 Auer
4.Etapp: Nidderaanwen - Nidderaanwen 26,3 km (Eenzelzäitfueren)
Sonndeg, den 21. September 2025: 12.50 – 14.50 Auer
5.Etapp: Miersch - Lëtzebuerg, Lampertsbierg 176,4 km