D'Virschau op déi 85. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg
Vun e Mëttwoch u gëtt déi 85. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg gefuer.
Iwwer 5 Deeg gëtt den Nofollger vum Italiener Antonio Tiberi, deen d'lescht Joer gewonnen hat, gesicht. Och 2025 sinn nees ganz staark Coureuren um Depart, an déi nächst 5 Deeg dierften interessant Courssen ze gesi sinn.
De Mathieu van der Poel ass dëst Joer net um Depart, den Hollänner ass de Weekend d'Weltmeeschterschaft am Mountain Bike gefuer an huet seng Saison ofgeschloss. An der Startlëscht sinn awer aner grouss Nimm, déi iwwer déi nächst Deeg fir eng interessant Course wäerte suergen. Déi wichteg Etappe fir d'Generalklassement no den 2 éischten Deeg.
Mats Wenzel: "Déi Haaptdeeg wäerten de Freiden an de Samschde sinn, mat Veianen, wou wierklech eng schwéier Arrivée ass am Schluss. Ech denken, dass do keng all ze grouss Ecarte wäerte sinn, sou wéi virun zwee Joer eigentlech, wou och se ragedrëpst kommen, mat e puer Sekonnen Ofstand an ech mengen de Samschde mam Zäitfuere wäert de General gemaach ginn an da vläicht nach e Sonndeg kleng Ännerungen, mee awer ech mengen ech erwaarden echt méi Grousses. Mir wëllen eis weisen. Ech menge mir si frou, dass mer hei kënne fueren. A mir hunn zwee Leadere mat mir, an ech géif emol soen, mir an dem Urko, dee lescht Joer eng Etapp an der Vuelta gewonnen hat. Dat heescht, mir kënnen zwou Kaarte spillen. Dat ass och ëmmer interessant an der Finall, wann s de net eleng bass, wann s de eng, e puer Ekippchen nach hues, deen och ka vläicht eng Kéier sprangen, wou s du net muss matsprangen. An ech mengen, sou kënne mer dann eis Kaarten ausspillen. A fir dann eng gutt Plaz am General ze maachen."
Virun zwee Joer hat den Ir Ben Healy d`Etapp zu Veianen gewonnen. D'Ekipp EF huet nieft dem rezenten Tour de France Etappe-Vainqueur och nach de Richard Carapaz an de Kasper Asgreen an hire Reien a schéngt liicht favoriséiert. Och d'Lëtzebuerger Coureure wäerte sech vun hirer beschter Säit wëlle weisen.
Michel Ries: "Jo, ech mengen et ass ëmmer speziell zu Lëtzebuerg Courssen ze fueren. Super motivéiert. Et sinn elo e puer Joer hier, dass ech net méi konnt zu Lëtzebuerg fueren, well ech da meeschtens d'Vuelta gestart sinn, d'leschte Joren. Dat heescht, dass ech och speziell nees doheem ze fueren an eng super Motivatioun fir hei op de Lëtzebuerger Stroossen, déi ee gutt kennt, mat de Lëtzebuerger Zuschauer ze fueren, ass scho ganz, ganz speziell."
E Samschdeg steet zu Nidderaanwen e laangt Zäitfueren um Programm. Iwwer méi wéi 26 Kilometer kéint et och tëscht deene Beschten gréisser Ecarte ginn.
Arthur Kluckers: "Ech war de Parcours scho relativ oft kucken. Bon, fir elo genau e Resultat ze soen, gëtt schwéier. Mee ech mengen ech hunn dat ganz wierklech sou gutt wéi méiglech virbereet an dann hoffen ech och wierklech fir mat dobäi ze fueren. Well, wa mer en Effekt dobäi raus konnt, muss een da Samschde kucken. Ech spille mech am Fong relativ gutt. Ech hunn elo déi lescht puer Coursse fir d'Ekipp geschafft an do hat ech am Fong relativ gutt gefillt. Dat heescht et ass natierlech ëmmer e punchy Parcours hei, wou emol net all ze gutt läit, mee ech freeë mech einfach drop. An et ass ëmmer flott doheem ze fueren."
10 Lëtzebuerger Coureure sinn e Mëttwoch um Depart. Wéi si sech géint déi staark Konkurrenz aus der Affär zéien, dat gesitt Dir muer vu 16 Auer u Live op RTL.