Jeff Henckels mam Lëtzebuerger Fändel e Freidegowend
Zu Baku am Aserbaidschan war um Freideg den Owend déi feierlech Ouverture vun der éischter Editioun vun den europäesche Spiller.
Während 17 Deeg kämpfen iwwer 6.000 Athleten aus ganz Europa an am ganzen 20 Kompetitiounen ëm Medaillen, dorënner 53 Lëtzebuerger Sportler, dovunner eleng 35 Liichtathleten.
Bei der Ouvertureszeremonie um Freideg den Owend hat de Bouschéisser Jeff Henckels de Lëtzebuerger Fändel gedroen.
D'European Games sinn eng wichteg Preparatioun en Vue vun Olympia 2016 zu Rio. Schonn direkt e Samschdeg sinn d'Dëschtennisdammen am Asaz. Och am Karate falen e Samschdeg déi éischt Decisiounen.
De Grand-Duché huet virun allem op economeschem Plang Relatioune mam 9,5 Milliounen Awunner-Staat um Kaspesche Mier.

© Franky Hippert
Den Aserbaidschan ass eent vu 6 Länner vun der ëstlecher Partnerschaft vun der Europäescher Unioun. Wat d'Mënscherechter uginn, wär awer nach vill Sputt no uewen, esou de Jean Asselborn.
An de leschte Méint huet den Aserbaidschan awer och ënnert den niddrege Pëtrolspräisser gelidden. Bezuelt gëtt mam Manat, wou d'Suen dem Euro ganz ähnlech sinn a wou d'Relatioun quasi ass, wéi den Euro par rapport zum Dollar.

Communiqué (12.06.2015)
Déplacement du ministre des Sports aux premiers Jeux européens à Bakou (Azerbaïdjan) (12-14.06.2015)
Le ministre des Sports Romain Schneider se déplacera à Bakou en Azerbaïdjan sur le weekend du 12 au 14 juin 2015 pour assister à la cérémonie d’ouverture des premiers Jeux européens ce vendredi 12 juin 2015 et pour participer à une réunion des ministres des Sports du Conseil de l’Europe le samedi 13 juin 2015 sur la coopération paneuropéenne concernant la durabilité sociale des événements sportifs majeurs.
Le ministre des Sports saisira cette occasion pour encourager sur place les sportifs luxembourgeois engagés dans les compétitions sur ce premier weekend des Jeux européens notamment en triathlon, karaté, tennis de table et en mountain bike.
Communiqué par le ministère des Sports