1. European GamesEnttäuschung fir d'Jenny Warling am Karate

D'Jenny Warling huet et net gepackt ënnert déi 2 éischt an hirer Poule mat 4 Karatekaen ze kommen.

Am 1. Match gouf et an der Kategorie bis 55 Kilo eng 0-4 Defaite géint d'Lokalmatadorin Ilaha Gasimova. Duerno gouf et e Remis géint d'Kroatin Jelena Kovacevic. Um Enn huet sech d'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer missen der Tirkin Tuba Yakan mat 0-5 geschloe ginn.
Baku - Karate (13.06.2015)
Karate mam Jenny Warling zu Baku


D'Dëschtennisdammen hu sech am 1.Tour mat 1-3 géint Polen misse geschloen ginn. D'Ni Xia Lian huet an enger spannender Partie iwwer 5 Sätz, fir deen eenzegen Lëtzebuerger Punkt gesuergt. D'Sarah de Nutte an d'Dani Konsbrück hate keng Chance an hiren Eenzelmatcher an och net an hirer Dubbelspartie.

© Pedro Venancio


Am Mountainbike kënnt de Christian Helmig op déi 22. Plaz ënner 45 Konkurrenten, 10 Minutten 34 Sekonnen hannert dem Schwäizer Gewënner Nino Schurter. Insgeheim hat de Christian Helmig op eng Top20-Plaz gehofft.

© Franky Hippert


Mountainbike zu Baku (13.06.2015)
Bei der Mountainbike Course zu Baku gett de Christian Helmig um Enn den 22ten op 10 Minutten 34