Cyclissem, Race across the AlpsExzellent Leeschtung vum Ralph Diseviscourt

Bei enger vun deene uergsten Dagescourse ass ee Lëtzebuerger ganz vir mat dobäi. De Ralph Diseviscourt fiert no méi wéi 500km als Drëtten iwwert d'Arrivée.

D'Race across the Alps gëllt allgemeng als eng vun deene schwéiersten Dagescourse vun der Welt. Och dëst Joer goung et iwwer net manner ewéi 533 hiwweleg Kilometer duerch Éisterräich, Italien an d'Schwäiz. Depart an Arrivée wor am Éisterräicheschen Nauders.

D'Victoire no méi wéi 21 Stonne Course war fir den Däitschen Robert Petzold. Zweete gëtt den Éisterräicher Walter Sageder.

Um Podium steet mam Ralph Diseviscourt awer och e Lëtzebuerger Cyclist. Den 38 Joer ale Laangstreckespezialist fiert no 22 Stonnen an enger Minutt iwwert dee wäisse Stréch.

Ofgeronnt gett dat exzellent Lëtzebuerger Resultat mat der siwenter Plaz vum Marc Leyder (23 Stonnen an 43 Minutten).

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.