Donieft konnt den Titelverdeedeger Hueschtert-Foulscht zu Iechternach gewannen. Weider Victoirë gouf et fir den Houwald a Lëntgen.

Zu Berbuerg huet de Finalist vum leschte Joer géint Recken gespillt. An der Spëtzepartie war et an den Eenzelmatcher spannend bis et 3:3 stoung. Recken huet duerno 2 Partië gewonnen an huet op 5:3 erhéicht. An den Dubbelen huet dunn d'Entscheedung misse falen. Berbuerg konnt do déi éischt Partie nach fir sech entscheeden, Recken huet am leschten Dubbel awer d'Iwwerhand behalen a konnt domadder insgesamt mat 6:4 gewannen.

Nom Remis um 4. Spilldag huet den Titelverdeedeger Hueschtert-Foulscht zu Iechternach mat 6:3 gewonnen. No den éischte 4 Eenzele stoung et 2:2 gläich, duerno ass Hueschtert-Foulscht der Favoritteroll gerecht ginn a konnt op 5:2 dovunzéien. Den Tabelleleschten huet sech nach gewiert, war um Enn awer verdéngt mat 3:6 ënnerleeën.

Eng kleng Iwwerraschung gouf et zu Lénger. Fluessweiler ass iwwert sech erausgewuess a konnt beim Favorit 5:5 gläich spillen. An de weidere Partien huet den Houwald sech kloer mat 6:2 géint Esch duerchgesat a Lëntgen war Lenneng mat 6:3 iwwerleeën.

D'Resultater am Iwwerbléck