Déifferdeng gewënnt Spëtzematch géint Hesper
Diddeleng kann d'Néierlag zu Hueschtert a leschter Sekonn verhënneren. Biissen surft weider op der Erfollegswell an Esch geléngt wichteg Victoire.
De Champion FC Déifferdeng gewënnt de Spëtzematch géint de Swift Hesper 3:0. Déi éischt hallef Stonn am Stade Municipal zu Uewerkuer war fir d'Spectateure more Kascht. Eréischt duerno huet Déifferdeng de Startknäppche fonnt an huet bannent kuerzer Zäit e Feierwierk op den Hesper Gol ofgebrannt: 3 Schëss an 9 Minutten. Mee allkéiers konnt den Dupire paréieren. Vum Swift koum offensiv bal näischt, well si de Fokus op d'Defense geluecht haten. An der Paus huet den FCD03 e e Scheck un d'ASBL Europa Donna Luxembourg fir de Kampf géint Broschtkriibs iwwerreecht.
Nom Säitewiessel huet et just zwou Minutte gedauert, bis de Ball am Hesper Gol louch. Déifferdeng huet weider op den zweete Gol gedréckt, mee et huet bis an d'75. Minutt gedauert, bis d'Entscheedung duerch dem Hadji säin zweete Gol fale sollt.
Den F91 Diddeleng konnt déi zweet Defaite an dëser Saison a leschter Minutt verhënneren. No 90 Minutte stoung et am Auswäertsmatch bei der US Hueschtert 1:1. Laang hat ee geduecht, den decisive Gol wär schonn no 17 Minutte gefall. Hueschtert hat duerno de Match am Grëff, well d'Diddelenger Spill ze duerchsiichteg war an d'Passen dacks net ukoumen. D'Lokalekipp huet sech och am zweeten Duerchgang op Konterattacke konzentréiert an hannen zougemaach. Diddeleng sengersäits huet weider keng Moyene fonnt. Wéi d'Spectateure sech scho mam 1.0 zefridde ginn haten, huet den Arbitter an der Nospillzäit op den Eelefmeterpunkt gewisen, well den Hueschterter Golkipp en Diddelenger ugesprongen huet.
Am Gemengenderby tëscht der Union Titus Péiteng an dem FC Rodange ass op béide Säiten ee Gol gefall, sou dass sech béid Ekippen 1:1 getrennt hunn. Rodange huet dobäi an der éischter Hallschent d'Chance op eng Victoire verginn, wéi si en Eelefmeter verschoss hunn. Dëse Punkt hëlleft béiden Ekippen an der Tabell awer net wierklech weider.
Am Duell vun den Opsteiger huet sech den FC Atert Biissen 1:0 géint UN Käerjeng duerchgesat. Biissen surft domat weider op der Erfollegswell a steet elo virun Hesper op der 5. Plaz. Fir Käerjeng war et déi 7. Defaite an et steet mat just 5 Punkten op der leschter Plaz.
Um Samschdeg hat Stroossen 2:1 beim Racing gewonnen an de Stater déi 4. Néierlag an 8 Matcher bäigefüügt.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater
Hueschtert - Diddeleng 1:1
1:0 Fernandes (17'), 1:1 Azevedo Magalhaes (90'+4, Eelefmeter)
Déifferdeng - Hesper 3:0
1:0 Hadji (47'), 2:0 Hadji (75'), 3:0 El Idrissi (90')
Mamer - Nidderkuer 1:2
0:1 Avdusinovic (6'), 0:2 Hend (11'), 1:2 Jager (88', Eelefmeter)
Péiteng - Rodange 1:1
0:1 Amiri (14'), 1:1 Martins (29')
Biissen - Käerjeng 1:0
1:0 Abi Ramzi (57')
Jeunesse Esch - Munneref 2.0
1:0 Teixeira (26', Eelefmeter), 2:0 Diallo (57')
Kanech - Rouspert 2:1
1:0 Duarte (24'), 1:1 Perkovic (47', Eegegol), 2:1 Duarte (90'+4)