Den Hollänner huet eng souverän Start-Zil-Victoire gefeiert. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Lando Norris (McLaren) an de Charles Leclerc (Ferrari).

De Max Verstappen huet de Grousse Präis vun Amerika zu Austin virum Lando Norris an dem Charles Leclerc gewonnen. Et war de 5. Succès vun der Saison fir den Hollänner. Op d'Plaz 4 koum de Lewis Hamilton um zweete Ferrari.

De Leader am General Oscar Piastri gouf virum George Russell (Mercedes) just de 5.. Am WM-Klassement bleift de Piastri de Leader. Hien huet eng Avance vu 14 Punkten op den Norris. De Verstappen konnt de Réckstand verkierzen a läit nach 40 Punkten hannert dem Piastri op der 3. Plaz.
 
De Verstappen hat e ganz gudde Start erwëscht a konnt sech direkt ofsetzen. Hannendru war et méi spannend. De Leclerc konnt den Norris iwwerhuelen, op de Plaze 4 a 5 waren den Hamilton an de Piastri. De grousse Verléierer vun den éischte Ronne war de Russell, deen op déi 6. Plaz zréckgefall war.

An enger éischter Phas huet de Verstappen säi Virsprong ausgebaut, well de Leclerc hannendrun de Rescht vun den Autoen opgehalen huet. Den Norris huet et trotz méi séierem Auto net fäerdegbruecht, de Ferrari-Pilot z'iwwerhuelen. Nom éischte virtuelle Safety Car no 7 Ronnen, den Antonelli an de Sainz haten eng kleng Kollisioun, huet sech d'Course berouegt.

No 15 Ronnen huet d'Lutte ëm déi 2. Plaz tëscht dem Leclerc an dem Norris nees ugefaangen. De Monegass huet alles ginn a konnt d'Attacke vum Britt ëmmer nees ofwieren. Dem Verstappen huet dat an d'Kaarte gespillt an hien huet säi Virsprong weider ausgebaut. Den Hamilton koum op der 4. Plaz och ëmmer méi no. An der 21. Ronn konnt den Norris de Leclerc awer knacken an op Plaz 2 no vir fueren. De Leclerc gouf an d'Box geruff an den Hamilton war duerno den 3. an der Course.

D'Pilote sinn no an no an d'Box gefuer an 20 Ronne viru Schluss war de Verstappen weiderhin de Leader. De Leclerc konnt duerch eng clever Boxestopp- a Pneue-Strategie op Plaz 2 no vir fueren. Hannendrun ass mat Norris, Hamilton, Piastri a Russell alles d'selwecht bliwwen.  An der Schlussphas vun der Course gouf et nees den Duell Leclerc géint Norris ëm déi 2. Plaz. Op en Neits huet de Ferrari-Pilot alles ginn, fir seng Plaz ze verdeedegen. 5 Ronne viru Schluss huet de McLaren-Pilot de Leclerc iwwerholl an de Monegass konnt net méi dogéint halen. Um Enn ass de Verstappen als Éischten iwwer d'Arrivée gefuer virum Norris an dem Leclerc. Eng gutt Course ass de Sauber-Pilot Nico Hülkenberg gefuer. Hie gouf um Enn den Aachten. 
 
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025