Lëtzebuerger Trio steet an de 1/16-Finallen

© AFP (Archiv)
Mam HC Bierchem huet déi drëtt lëtzebuergesch Ekipp den Ticket fir déi nächst Ronn am European Cup geléist a fir en historesche Meilestee gesuergt.
No der klorer Victoire e Samschdeg huet sech den HC Bierchem och am zweete Match net vun Oxford University HC iwwerrasche gelooss a gewënnt souverän 43:21. Et war iwwerhaapt déi éischt Kéier, dass Bierchem an enger europäescher Kompetitioun op eng Ekipp aus Groussbritannien getraff war.
Et huet een Oxford ugesinn, dass den englesche Championnat nach net al ass - d'Saison huet eréischt de 4. Oktober ugefaangen -, dohier war de Spillfloss nach net esou do. Fir Bierchem war et dogéint schonn de 7. an den 8. Flichtmatch an dëser Saison.
D'Réiserbänner sinn de Match mat enger konzentréierter Leeschtung ugaangen a wollten evitéieren, de Virsprong aus dem Allermatch ze verspillen. No 10 Minutte stoung et 6:3 fir d'Lokalekipp an de Virsprong ass kontinuéierlech gewuess. Oxford, dat gréisstendeels aus auslännesche Studenten aus 12 verschiddenen Natioune besteet, hat net déi néideg Reussite wéi am Allermatch a wosst fréi, dass hei näischt ze huele war.
Nom 18:11 an der Paus aus Bierchemer Siicht huet de lëtzebuergesche Vertrieder de Score weider no uewe geschrauft a louch an der 37. Minutt eng éischt Kéier 10 Goler vir. Well Oxford ëmmer méi d'Kären ausgaange sinn a si all zweete Ball dolaanscht geworf hunn, gouf et um Enn méi wéi däitlech. Ben Weyer, Raphael Guden & Co gewannen den zweete Match mat iwwer 20 Goler Avance géint den englesche Champion. Domat geet déi éischt europäesch Aventure zënter 2007/08 fir Oxford schonn nom éischten Asaz op en Enn. Fir Bierchem ass et no fënnef Uleef dat éischt Weiderkommen am European Cup. Fir d'lescht ware si 2018/19 en Tour weiderkomm.
Meilestee fir Lëtzebuerger Handball
Et ass déi éischt Kéier zënter der Saison 2017/18, dass dräi lëtzebuergesch Ekippen an den 1/16-Finalle vum European Cup stinn – deemools war et wuel och déi drëtt Ronn, mee et war eréischt den zweeten ausgespillten Tour, well déi éischt Kompetitiounsphas wéinst Manktem u Veräiner net ausgedroe gi war.
Et wär ze hoffen, dass et zu kengem Duell tëscht zwou lëtzebuergeschen Ekippe kënnt, wéi dat an der Saison 2014/15 de Fall war. Deemools waren Esch a Käerjeng direkt am éischten Tour vum EHF Cup openee getraff. Op der anerer Säit géif eng national Renconter bedeiten, dass op d’mannst ee lëtzebuergesche Vertrieder an der Aachtelsinall stoe géif. Dat war fir d’lescht dem HB Esch an der Saison 2021/22 gelongen.
Den Tirage ass fir en Dënschdeg zu Wien ugesat. D'Matcher gi Mëtt an Enn November ausgedroen.