An der Serie A gouf et déi éischt Néierlag fir Juventus Turin. Och Tottenham huet an England näischt geraaft.

Freiburg huet duerch e Gol an der Schlussphas e Remis géint Frankfurt gerett.

An der Ligue 1 gesäit et no 8 Matcher net gutt fir Metz aus. Zu Toulouse gouf et eng däitlech 0:4-Néierlag.

Bundesliga

Freiburg - Frankfurt 2:2
1:0 Scherhant (2'), 1:1 Burkardt (18'), 1:2 Burkardt (38'), 2:2 Grifo (87')

Frankfurt huet e bësse gebraucht, fir de fréie Réckstand ze verdauen. Duerno war et awer den Johnny Burkardt, dee mat zwee Goler virun der Paus de Match zu Gonschte vun de Gäscht gedréint huet. Déi zweet Hallschent hat villverspriechend ugefaangen, mee duerno war et more Kascht ouni vill Golraumzeenen. Frankfurt huet d'Avance clever verteidegt an huet Freiburg keng gréisser Méiglechkeet gebueden, fir den Ausgläich ze markéieren. Dohier huet en direkte Fräistouss vum Grifo mussen hierhalen.

St. Pauli - Hoffenheim 0:3
0:1 Touré (54'), 0:2 Kramaric (59'), 0:3 Prömel (79')

Pauli stoung no 3 Néierlagen um Stéck mam Réck widder der Mauer an huet deementspriechend defensiv ugefaangen. D'Gäscht hu fréi gepresst an hu sech déi eng oder aner Golchance erausgespillt. D'Heemekipp ass kuerz virun der Paus besser an d'Partie komm, d'Säite goufen awer mat engem 0:0 gewiesselt. Pauli koum mat méi Elan aus der Paus, Hoffenheim huet hir éischt Chance no der Paus äiskal genotzt. Den Touré hat de Ball no enger flotter Pass vum Kramaric am Filet ënnerbruecht. D'Ekipp vum Danel Sinani wollt direkt reagéieren, ass kuerz drop awer an de nächste Konter gelaf. De Kramaric huet op 2:0 erhéicht. D'Heemekipp war weiderhi beméit, den nächste Gol sollt duerch de Prömel nees fir d'Hoffenheimer falen. De Sinani hätt kuerz viru Schluss bal op 1:3 verkierzt, de Gol gouf awer wéinst Abseits annuléiert. Hoffenheim klëmmt op Plaz 8 an der Tabell, wärend St. Pauli no engem gudde Start lues awer sécher muss no ënnen orientéieren.

Premier League

Tottenham - Aston Villa 1:2
1:0 Betancur (5'), 1:1 Rogers (37'), 1:2 Buendia (77')

Tottenham kasséiert déi zweet Néierlag an dëser Saison a verléiert sou lues den Uschloss un d'Spëtzt. Fir Aston Villa war et no engem schlechte Start déi drëtt Victoire hannerteneen. Domat geet den Trend fir d'Villans weider no uewen.

Liverpool - Manchester United 1:2
0:1 Mbeumo (2'), 1:1 Gakpo (78'), 1:2 Maguire (84')

An der Spëtzepartie ass de Gäscht e perfekte Start gelongen. Den Mbeumo konnt an der 2. Minutt no enger Pass vum Amad den 1:0 markéieren. Liverpool huet direkt reagéiert an d'Heft an d'Hand geholl. E Gol sollt hinnen an enger éischter Phas awer net geléngen. ManU huet déi Drockphas iwwerstanen a konnt sech  virun der Paus selwer Méiglechkeeten erausspillen, och hinnen ass awer kee weidere Gol gelongen. D'Heemekipp hat sech fir déi 2. Hallschent vill virgeholl a war elo däitlech iwwerleeën. An der 78. Minutt huet de Gakpo ausgeglach. ManU konnt awer op der anerer Säit reagéieren. No engem Corner ass de Ball beim Maguire gelant, deen de Ball an de Gol gekäppt huet a seng Faarwen nees a Féierung bruecht huet. Liverpool huet bis zum Schluss probéiert nach emol auszegläichen, e Gol sollt net méi falen. Et war déi 3. Defaite hannertenee fir d'Reds. ManU huet iwwerdeems elo 13 Punkten um Kont, dat sinn der just 3 manner wéi Manchester City, déi aktuell op der 2. Plaz an der Tabell leien.

Serie A

Como - Juventus Turin 2:0
1:0 Kempf (4'), 2:0 Paz (79')

Juventus Turin muss déi éischt Néierlag an dëser Saison hinhuelen a läit elo 3 Punkten hannert der Tabellespëtzt. Como zitt mat dëser Victoire wéinst dem bessere Golverhältnis laanscht d'Al Damm. Como huet disziplinéiert verteidegt a Juve vir keng Méiglechkeet zur Entfalung ginn. Vir huet d'Lokalekipp hir Chancen äiskal genotzt a gewënnt um Enn verdéngt.

Atalanta Bergamo - Lazio Roum 0:0

AC Mailand - Florenz 2:1
0:1 Gosens (56'), 1:1 Leao (63'), 2:1 Leao (86', Eelefmeter)

Et war eng zéi 1. Hallschent zu Mailand mat wéineg gudden Amenter. Nom Säitewiessel sinn d'Gäscht duerch de Gosens a Féierung gaangen. D'Rossoneri konnte kuerz drop duerch de Leao awer zréckschloen an ausgläichen. Kuerz viru Schluss huet de Leao mat sengem zweete Gol d'Partie komplett gedréint. Duerch des Victoire ass den AC Mailand elo Tabelleleader an Italien. Florenz bleift dogéint am Tabellekeller stiechen.

Ligue 1

Lens - Paris FC 2:1
1:0 Edouard (17'), 1:1 Lees-Melou (28'), 2:1 Baidoo (64')

Den Opsteiger Paris FC ka sech net weider vun den Ofstigsplazen ofsetzen. No der Néierlag zu Lens bleift de Virsprong bei 4 Punkten op d'Relegatiounsplaz. Lens bleift dogéint um Spëtzegrupp Marseille a PSG drun. D'Lokalekipp hätt souguer nach e weidere Gol schéisse kënnen, mee den Thauvun huet an der 9. Minutt en Eelefmeter verschoss.

Toulouse - Metz 4:0
1:0 Magri (2'), 2:0 Donnum (8', Eelefmeter), 3:0 Gboho (79'), 4:0 Cresswell (84')

Toulouse huet sech verdéngt a souverän 4:0 géint Metz behaapt. Metz louch no 8 Minutten duerch Goler vu Magri an Donnum 2:0 hannen. D'Heemekipp konnt de Match geréieren an huet an der Schlussphas duerch Gboho a Cresswell den Deckel op d'Partie gemaach. No 8 Matcher steet Metz mat 2 Punkten um Wupp vun der Tabell.

Nantes - Lille 0:2
0:1 Haraldsson (8'), 0:2 Igamane (89')

La Liga

Getafe - Real Madrid 0:1
0:1 Mbappé (80')

Déi Kinneklech hu sech zu Getafe schwéier gedoen. Real hat an der 1. Hallschent méi vun der Partie, richteg geféierlech gouf et virum géigneresche Gol awer net. Nom Téi ass d'Iwwerleeënheet vu Real ëmmer méi grouss ginn. De Gol vum Mbappé sollt awer réischt an der 80. Minutt falen. Kuerz virdrun hat de Nyom vu Getafe déi rout Kaart gewise kritt. An der 84. Minutt war Getafe no der giel-rouder Kaart fir de Sancris just nach zu 9 um Terrain. D'Heemekipp konnt näischt méi dogéint setzen an huet sech knapp misse geschloe ginn.