E Freideg den Owend waren eng Partie Lëtzebuerger an hire Veräiner am Asaz, sief am et am Championnat oder an der Coupe.

2. Divisioun an der Belsch: Beerschot - Beveren 1:1

De Laurent Jans stoung vun Ufank u géint Beerschot mat um Terrain, dat als Rietsverdeedeger. Déi éischt 45 Minutte si keng Goler gefall. An der 56. Minutt konnt de Lennart Mertens Beveren awer mat 1:0 a Féierung bréngen. An der 72. Minutt war et den Ausgläich fir Beerschot, dat duerch den Mbe Soh. Bei deem Resultat sollt et bleiwen. De Laurent Jans stoung de komplette Match um Terrain.

Ligue 2 a Frankräich: Troyes - Bastia 1:0

Den SC Bastia war beim ES Troyes AC op Besuch, dat am Kader vum 10. Spilldag. De Florian Bohnert souz bei Bastia just op der Ersatzbänk. Obwuel Troyes vun der 23. Minutt u just nach zu 10 um Terrain stoungen, well den Adeline eng rout Kaart kritt huet, si se trotzdeem kuerz virun der Paus duerch e Gol vum Bentayeb mat 1:0 a Féierung gaangen. Si konnten dat Resultat iwwert d'Zäit retten. Troyes ass Tabelleleader an der Ligue 2, iwwerdeems Bastia op der leschter Plaz steet.

2. Liga an Éisträich: St. Pölten- Lustenau  1:0

Och an der 2. Liga an Éisträich ass et den 10. Spilldag. Hei hat St. Pölten mam Dirk Calson et mat Austria Lustenau ze dinn. Ganz laang huet et hei no engem 0:0 ausgesinn. Et huet bis déi 6. Minutt vun der Nospillzäit gedauert, bis dunn awer nach e Gol gefall ass, dat zu Gonschte vun der Heemekipp. St. Pölten kann domadder d'Tabelleféierung ausbauen an huet elo schonn 11 Punkte Virsprong op Plaz 2, dat allerdéngs mat engem Match méi. Lustenau steet op Plaz 3 mat 16 Punkten.

Coupe a Portugal: Chaves - Benfica0:2

An der 3. Ronn vun der Coupe "Tace de Portugal" huet GD Chaves aus der zweeter Liga et mat Benfica Lissabon ze di krut. Benfica war kloer an der Favoritteroll an huet dann och just 8 Minutte gebraucht, fir duerch de Pavlidis den 1:0 ze schéissen. Et sollt bis d'Paus bei deem Resultat bleiwen.

De Leandro Barreiro ass an der 75. Minutte fir de Lukébakio agewiesselt ginn a stoung deemno mat um Terrain, wou de Pavlidis den decisive 2:0 fir Benfica schéisse konnt.