Déi ganz Woch iwwer sinn zu Wollongong an Australien déi nei Weltmeeschteren am Triathlon gesicht ginn.

D'Lëtzebuergerin Jeanne Lehair ass e Sonndeg de Moie fréi eiser Zäit als Drëtt am General vun der World Triathlon Championship Series an déi lescht Course vun der Saison zu Wollongong an Australien gaangen an hat nach Chancen op de WM-Titel. D'Lëtzebuergerin hat no enger laanger Saison awer net hire beschten Dag erwëscht.

Nom Schwammen hat si well e Retard vu 40 Sekonnen op d'Spëtzt, ass mat engem Réckstand vun enger Minutt op d'Lafe gaangen an huet hei weider Zäit verluer, sou datt et um Enn eng 21. Plaz op dräi Minutten an 23 Sekonnen ass. An der WM-Wäertung ass si vu Plaz dräi nach op d'Plaz sechs zeréckgefall an ass deemno ouni Medail bliwwen.

Um Enn ass et d'Lisa Tertsch aus Däitschland, déi no 1,5 Kilometer Schwammen, 40 Kilometer Vëlofueren an 10 Kilometer Lafen d'Course gewonnen huet a sech iwwer de Weltmeeschtertitel freeën dierf. Vize-Weltmeeschterin gëtt d'Leonie Periault aus Frankräich a Bronze ass fir d'Beth Potter aus Groussbritannien. D'Brittin war zesumme mat der Franséisin Cassandre Beaugrand als Leaderin an déi lescht Course vun der Saison gaangen. D'Beaugrand gëtt um Enn déi siwent, dat nodeems si bei der Finall am Lafe komplett agebrach war an d'Course net op en Enn bruecht huet.

D'Resultater vun der Course fannt Dir hei.

RTL

D'Jeanne Lehair kann op eng staark Saison zeréckkucken. Hir ass ë.a. 2025 déi éischt Victoire am Kader vun der World Triathlon Championship Series gelongen. Fréi an der Saison stoung si bei der Manche zu Yokohama ganz uewen um Podium. Bei all de Manchen ass si an d'Top10 komm. Donieft huet d'Lëtzebuergerin duerch d'Victoire zu Toulouse och d'Supertri League gewonnen. Um Podium hat hire Partner nach fir e ganz besonnesche Moment gesuergt an d'Lëtzebuergerin gefrot, ob si hie bestuede wéilt.

De Resumé vun der Finall zu Wollongong

D'Jeanne Lehair war no de 1,500 Meter Schwamme mat engem Retard vu 40 Sekonnen op d'Spëtzt aus dem Waasser komm an hat den éischte Grupp am Vëlo verpasst. An dësem waren d'Leaderinne vun der World Triathlon Championship Series Beth Potter a Cassandre Beaugrand vertrueden an och déi 4. Lisa Tertsch.

De Spëtzegrupp mat am Ganze sechs Triathleetinnen huet gutt zesummegeschafft a konnt op de grousse Verfolgergrupp mat iwwer 25 Dammen an der Lëtzebuergerin weider Zäit guttmaachen. An der Hallschent vun de 40 Kilometer Vëlofuere war et well eng Minutt an 18 Sekonnen.

De Spëtzegrupp mat ë.a. Potter, Beaugrand an Tertsch huet eng Avance vun enger Minutt op d'Jeanne Lehair op déi 10 Kilometer laang Lafstreck geholl.

Hei ass d'Decisioun ëm d'Victoire an der Course an och ëm de WM-Titel gefall. D'Lisa Tertsch aus Däitschland huet sech d'Victoire an der Course geséchert an dierf sech um Enn och Weltmeeschterin nennen. Potter a Beaugrand si beim Lafen agebrach an haten näischt méi mam Ausgang vun der Course an och der Lutte ëm de WM-Titel ze dinn. D'Potter ass bei der leschter Course net iwwer déi 16. Plaz erauskomm an d'Beaugrand huet missen opginn.

Och d'Jeanne Lehair konnt um Lafen net méi no vir opschléissen a gëtt déi 21. op dräi Minutten an 23 Sekonnen. An der WM-Wäertung ass et um Enn déi sechst Plaz fir d'Lëtzebuergerin.

D'Plazen zwee an dräi sinn an Australien iwwerdeems un d'Italienerin Bianca Seregni an d'Franséisin Emma Lombardi gaangen.

Weider Lëtzebuerger an Australien bei der WM dobäi

Nieft der Elite sinn déi lescht Deeg iwwer an Australien och déi nei Weltmeeschteren a Weltmeeschterinnen an de verschiddenen anere Kategorië gesicht ginn. Am Géigesaz zu der Elite, wou et wärend der Saison Punkten ze sammele gouf, huet d'WM an den anerer Kategorien nëmmen aus der Course an Australien bestanen.

Bei den U23-Häre konnt de Lëtzebuerger Lucas Cambresy mat enger staarker 10. Plaz iwwerzeegen.

Bei de Junioren hu sech d'Lëtzebuerger Sebastian Ziekman a Remi Hirschauer als 19. respektiv 28. klasséiert. Den Ziekman hat e Retard vun enger Minutt op de Weltmeeschter Tristan Douche aus Frankräich. Den Hirschauer hat e Réckstand vun enger Minutt an 38 Sekonnen op de Gewënner.

Bei de Juniorinnen huet d'Linda Krombach d'Course net op en Enn bruecht.