Häre vu Stroossen a Bartreng bleiwen ongeschloen

© pressphoto (Archiv)
Am Volleyball-Championnat vun den Dammen a vun den Hären war e Samschdeg den Owend den Optakt vum 3. Spilldag.
Hären
Bei den Hären bleift de VC Stroossen weider ongeschloen an huet no enger 3:0-Victoire géint Amber-Lënster elo néng Punkten um Kont stoen. Dat selwecht gëllt fir d'Nopere vu Bartreng, déi zwar kuerz ageknéckt waren, um Enn awer mat 3:1 géint Luerenzweiler gewonnen hunn an domat genau sou mat néng Punkten no dräi Matcher uewen an der Tabell stinn. Am leschte Match vum Owend gouf et dann nach en 3:0-Succès fir Fenteng géint Iechternach.
E Sonndeg kënnt et an der leschter Partie vum Spilldag bei den Hären nach zum Duell tëscht Dikrech an dem Escher VBC.
Dammen
Bei den Dammen huet sech de VC Mamer mat engem 3:1 géint de VC Stengefort déi drëtt Victoire am drëtte Match geséchert. Méi spannend war et am Duell tëscht Walfer a Bartreng, ma den RSR konnt sech hei nom fënnefte Saz mat 3:2 behaapten a sech domat zwee Punkte sécheren. Fir de Volley Bartreng gouf et dogéint op d'mannst den éischte Punkt vun der Saison. An der leschter Partie vum Owend konnt sech dann nach de VC Fenteng mat 3:2 géint de VB Iechternach duerchsetzen.