Am Kader vun der europäescher Small Countries Division mussen d'Lëtzebuerger Volleyballdammen sech Schottland an der Coque mat 1:3 geschloe ginn.

No der däitlecher Victoire e Freideg géint Nordirland an der 1:3-Defaite um Samschdeg géint Island ass et fir d'FLVB-Dammen um Sonndeg och géint Schottland net duergaangen.

D'Meedercher vum Detlev Schönberg verléieren um Sonndegowend hire leschte Match vun der Small Countries Division mat 1:3 (-23, 16, -23, -20) géint Schottland.

No engem knappen éischten an engem gudden zweete Saz, war d'Schlussphase vum drëtten Duerchgang schlussendlech de Knackpunkt vum Match. Lëtzebuerg huet sech no enger 23:19-Féierung de Saz dach nach ofginn an ass dunn och an der véierter Manche déi ganzen Zäit engem Réckstand nogelaf.

Hei d'Matcher vum Samschdeg a Sonndeg am Replay.

[widget type="sport/cev2017/20160625"]

[widget type="sport/cev2017/20160626"]