Chelsea léisst Barcelona bei 3:0-Victoire keng Chance
© Adrian Dennis / AFP
En Dënschdeg den Owend koum et am Kader vum 5. Spilldag an der Champions League zu engem Futtball-Klassiker tëscht dem FC Chelsea an dem FC Barcelona.
Dëse konnt Chelsea um Enn duerch e monteren a spillbestëmmenden Optrëtt verdéngt fir sech entscheeden. No 90 Minutten hu sech Chelsea a Barcelona 3:0 getrennt.
An den anere Matcher vun dësem Owend hat Borussia Dortmund keng Problemer géint d'Spuenier vu Villarreal. Um Enn kënne sech déi Däitsch mat 3:0 behaapten. Fir eng weider däitsch Victoire huet op dësem Owend Leverkusen gesuergt. D'Männer aus Nordrhein-Westfale konnten hire Match géint Manchester City mat 2:0 fir sech entscheeden.
Neapel konnt senger Favoritteroll géint Qarabag Agdam gerecht ginn. D'Italiener gewanne mat 2:0. Marseille dréint dogéint de Match géint Newcastle. Um Enn steet hei en 2:1 um Bou. De Spiller vun der aler Damm sollt et iwwerdeems och geléngen, fir an Norwegen de Match ze dréinen. D'Goler vun Openda, McKennie an David sollten um Enn duergoen, fir de Match ze gewannen. Juventus Turin wënnt domat géint Bodö/Glimt mat 3:2.
D'Union Saint-Gilloise gewënnt zu Istanbul 1:0 géint Galatasary a Lissabon wënnt hiren éischte Match an dëser Champions-League-Saison géint Amsterdam mat 2:0. Hei konnt de Barreiro iwwerdeems e Gol markéieren.
Am Match tëscht Slavia Prag an Athletic Bilbao gëtt et kee Gewënner. Béid trenne sech ouni Goler mat engem 0:0-Gläichspill.
Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video
FC Chelsea - FC Barcelona 3:0
1:0 Koundé (27', Eegegol, 2:0 Estevao (55'), 3:0 Delap (73')
D'Spectateure kruten zu London eng Formatioun vun Chelsea ze gesinn, déi mat voller Vitess an de Match gestart ass an de Géigner direkt probéiert huet, fir ënner Drock ze setzen. Esou konnte sech d'Blues och schonns direkt an den Ufanksminutten e puer gutt Occasiounen erausspillen. No 4 Minutte louch de Ball schonn am Gol, allerdéngs wat d'Freed op Säite vun Chelsea nëmme vu kuerzer Dauer. Dëst well de Fofana, deen de Gol virbereet huet, mat der Hand um Ball war, soudatt de Gol vum Enzo Fernandez um Enn, mat Recht, net gezielt huet. Doropshin waren et awer weiderhin d'Londoner, déi den Toun um Terrain uginn hunn a schonns an der 23. Minutt haten d'Spiller vun Chelsea nees d'Hänn an der Luucht. Dës Kéier hat nees den Enzo Fernandez de Ball am Gol ënnerbruecht, mä op et Néits sollt de Gol net zielen. Dës Kéier well den Chalobah aktiv am Abseits stoung an dësen esou de Golkipp behënnert huet. An awer sollten d'Spiller vun Chelsea sech nach virum Téi fir hire monteren Optrëtt belounen. An der 27. Minutt ass de Ball no engem Corner beim Pedro Neto gelant, dee probéiert huet, fir de Ball artistesch am Gol ënnerzebréngen. Säi Schoss sollt net direkt am Gol aschloen, allerdéngs haten d'Spiller vu Barcelona Krämpes, fir de Ball ze klären, soudatt dësen no engem Gewurschtels am katalanesche Strofraum am Filet gelant ass. Um Enn war et de Koundé, deen de Ball a säin eegene Filet bugséiert huet. Kuerz virun der Paus huet den James nach en zolitte Schoss a Richtung Gol vu Barcelona lassgelooss, mä dëse sollt säin Zil knapps verfeelen. Vu Barcelona war an den éischte 45 Minutten iwwerdeems just zwee Mol eppes ze gesinn. Eng Kéier an der 6. Minutt, an där de Ferran Torres vëlleg fräi virum Golkipp, de Ball net am Gol ënnerbrénge konnt souwéi an der 44. Minutt, an där den Araujo seng zweete giel Kaart gesinn huet an deemno nach virum Téi dusche goe konnt. Mat enger verdéngter 1:0-Avance ass et zu London deemno an d'Kabinne gaangen.
No der Paus war d'Chelsea nees déi spillbestëmmend Ekipp a konnt an der 51. Minutt nees markéieren. Allerdéngs sollt dëse Gol dunn och net zielen. Dëst well de Garnacho, deen de Gol virbereet huet, bei senger Pass op de Santos am Abseits stoung. An der 55. Minutt sollt dunn e weidere Gol falen an dësen huet och gezielt. De jonken Estevao huet säi Géigespiller schéin ausgedanzt an huet de Ball du wonnerschéin ënnert d'Lat gezierkelt. Deemno stoung et 2:0, Chelsea hat de Match voll a ganz ënner Kontroll. Chelsea huet doropshin de Match geréiert, huet hannen näischt ubrenne gelooss a sech heiansdo am Stuerm nach Chancen erausgespillt. Eng vun dëse Chancë sollt dunn och nach hire Wee an de Gol fannen. Den agewiesselten Delap gouf an der 73. Minutt schéin an Zeen gesat vum Enzo Fernandez. De jonken Englänner hat aus zentraler Positioun keng Problemer, fir de Ball am rietsen Eck ënnerzebréngen. Domadder war den Deckel op de Match gesat an enger Victoire vun de Blues stoung näischt méi am Wee. Vu Barcelona war iwwert wäit Strecke vun der zweeter Hallschent näischt ze gesinn, mä an der 81. Minutt sollt de Raphinha de Sanchez am Gol vun Chelsea dann awer nach eng Kéier op d'Prouf stellen. Allerdéngs konnt de Spuenier am Gol vun de Blues de Ball aus dem Eck fëschen an esou de Géigegol verhënneren. Um Enn sollt et beim Score vun 3:0 bleiwen, soudatt Chelsea de Match souverän fir sech entscheede kann an déi dräi Punkten domadder zu London hält.
Ajax Amsterdam - Benfica Lissabon 0:2
0:1 Dahl (6'), 0:2 Barreiro (90')
Galatasaray Istanbul - Union Saint-Gilloise 0:1
0:1 David (57')
Bodö/Glimt - Juventus Turin 2:3
1:0 Blomberg (27'), 1:1 Openda (48'), 1:2 McKennie (59'), 2:2 Fet (87', Eelefmeter), 2:3 David (90'+1)
SSC Neapel - Qarabag Agdam 2:0
1:0 McTominay (65'), 2:0 Jankovic (72', Eegegol)
Olympique Marseille - Newcastle United 2:1
0:1 Barnes (6'), 1:1 Aubameyang (46'), 2:1 Aubameyang (50')
Borussia Dortmund - FC Villarreal 3:0
1:0 Guirassy (45'+2), 2:0 Guirassy (54'), 3:0 Adeyemi (58')
Manchester City - Bayer Leverkusen 0:2
0:1 Grimaldo (23'), 0:2 Schick (54')
Slavia Prag - Athletic Bilbao 0:0
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.