Déifferdeng léisst beim Remis géint Rodange Punkte leien, Racing klappt Hesper
© Val Wagner
E Mëttwoch den Owend stoungen ganzer zwee Nodrosmatcher an der BGL Ligue um Programm. Esou ass zu Déifferdeng an zu Hesper um Terrain de Ball gerullt.
Am éischte Match vum Owend léisst den Tabelleprimus vun Déifferdeng iwwerraschend Punkte géint Rodange léien. No 90 Minutte steet um Enn en 2:2-Gläichspill um Bou vum Match. An der 45. Minutt sollten d'Rodanger, déi bis dohi kaum Golaktiounen haten, duerch de Schur aus dem Näischt a Féierung goen. Nom Réckstand hunn déi Déifferdenger sech am Stuerm extrem schwéier gedoen, fir sech géint eng zolidd Rodanger Defense Chancen erauszespillen. Allerdéngs sollten déi Déifferdenger duerch en Eelefmeter an der 78. Minutt vum Hadji de Score egaliséiere kënnen. An der 90. Minutt hat wuel jidderee gemengt, datt de Kouadio de Lucky-Punch fir d'Männer aus dem Dräilännereck setze konnt, abee nach war d'Bier net geschielt an déi Déifferdenger sollten nach eng Kéier ganz spéit duerch de Buch zréckkommen, deen an der 96. Minutt den 2:2 markéiere konnt. Mat dësem Score ass de Match dunn och op en Enn gaangen.
Am anere Match vum Owend gouf et iwwerdeems eng 1:0-Victoire fir d'Gäscht aus der Haaptstad. Hesper verléiert deemno virun heemeschem Public mat 0:1 géint de Stater Racing. De Gol vum Dag sollt den Dominik Stolz markéieren, deen domadder géint seng fréier Ekipp getraff huet. Iwwert de Match gekuckt war et eng verdéngte Victoire fir déi Stater, déi domadder op déi 11. Plaz an der Tabell sprangen.
FC Déifferdeng 03 - FC Rodange 91 2:2
0:1 Schur (45'), 1:1 Hadji (78'), Kouadio (90'), Buch (90'+6)
Swift Hesper - RFCUL 0:1
0:1 Stolz (25')
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater